Uergel an der Kierch vun Diddeleng

Vu Wikipedia
De Spilldësch vun der Diddelenger Uergel

D'Uergel an der Kierch Diddeleng gouf 1912 vun der Oochener Uergelmanufaktur Georg Stahlhuth gebaut, an 2001 vun der bayerescher Uergelmanufaktur Thomas Jann vu Laberweinting renovéiert.

Eng Klais-Uergel fir déi Diddelenger Kierch[änneren | Quelltext änneren]

1897 gouf eng Uergel ernimmt, déi „all déi aner am Land sollt an de Schiet stellen“. Se war an der Manufaktur vum Johannes Klais vu Bonn bestallt ginn. Se sollt 66 Stëmmen hunn, an domat déi gréisst sinn, déi de Klais bis dohi gebaut hat. Den 8. Abrëll 1900 koum et am Klais sengem Atelier zu engem Brand. De Betrib konnt awer an de Gebaier vun enger Schräinerei, déi net wäit ewech stoung, weidergefouert ginn. Déi Diddelenger Uergel ass awer net geliwwert ginn, an et konnte bis elo keng Ënnerlagen iwwer déi Uergel fonnt ginn.

D'Stahlhuth Uergel vun 1912[änneren | Quelltext änneren]

An der Gemengerotssëtzung vum 21. Dezember 1910 gouf eng Kommissioun ernannt, déi sech sollt ëm en Avant-projet këmmere fir eng Uergel an der „neier“ Kierch vun där de Grondsteen am Mee 1894 geluecht gouf an déi 1897 fäerdeggebaut war. D'Pläng ware vum Pierre Kemp a sengem Jong, dem Alphonse Kemp, vun deenen och d'Pläng vun der Bourer Kierch stamen. President vun der Kommissioun war de Paschtouer H. Kuborn an de Sekretär den Dominik Heckmes, déi Zäit Doumchouerdirigent an der Kathedral. Et goufen Devisë vun dräi Manufakture gefrot, der Uergelmanufaktur Stahlhuth vun Oochen, Steinmeyer vun Ottingen a Walcker vu Ludwigsburg. Schonn an der zweeter Sëtzung gouf Walcker falegelooss an amplaz koum d'Uergelmanufaktur Seifert vu Köln.

D'Offere vun deenen dräi haten d'Kommissioun net zefriddegestallt a se huet et fir néideg fonnt, nach aner Atelieren ze kontaktéieren. Dat waren d'Uergelmanufaktur Dalstein und Haerpfer vu Bolchen, Voit vun Durlach, Schlag und Söhne vu Schweidnitz a Walcker gouf nees mat dobäi geholl. Am Abrëll 1911 ass d'Kommissioun op Oochen an op Köln gefuer, fir sech Uergelen an d'Ateliere vu Stahlhuth a Seifert ukucken ze goen.

No enger Parti onrouege Gemengerotssëtzunge gouf schliisslech den 11. August 1911 Stahlhuth mat 9 géint 2 Stëmme fir Steinmeyer gewielt. Den Devis vu Stahlhuth war 26.000 Mark ouni, an 31.000 M. mat Gehais.

Am Vertrag war festgehalen, datt am Mee 1912 mam Opbau vun der Uergel sollt ugefaange ginn.

Dispositioun säit 1912 bis 1962[änneren | Quelltext änneren]

Manual 1 Haaptwierk Manual 2 Schwellwierk Manual 3 Schwellwierk Pedall
1 Prinzipal 16' 15 Bordun 16' 29 Geigenprincipal 8' 39 Untersatz 32'
2 Bordun 16' 16 Principal 8' 30 Flûte harmonique 8' 40 Subbass 16'
3 Majorprinzipal 8' 17 Seraphon Flöte 8' 31 Violine 8' 41 Majorbass 16'
4 Minorprinzipal 8' 18 Gamba 8' 32 Zartgedackt 8' 42 Minorbass (Ext.4) 16'
5 Seraphon Gedackt 8' 19 Lieblichgedeckt (Ext.15) 8' 33 Salicional 8' 43 Bordun (Tr.15) 16'
6 Fugara 8' 20 Quintatön 8' 34 Unda maris 8' 44 Octavbass 8'
7 Gemshorn 8' 21 Vox coelestis 8' 35 Rohrflöte 4' 45 Zartgedackt (Tr.19) 8'
8 Rohrflöte 8' 22 Octav 4' 36 Flageolet 2' 46 Cello (Tr.8) 8'
9 Octav 4' 23 Flaut traverso 4' 37 Vox humana 8' 47 Posaune 16'
10 Flûte harmonique 4' 24 Piccolo 2' 38 Oboe 8' 48 Tuba 8'
11 Rauschquinte 2fach 25 Mixtur 3fach Tremolo fir'd Vox humana
12 Terz 1 3/5' 26 Clarinette 8'
13 Mixtur 3-4fach 27 Trompete 8'
14 Trompete 8' 28 Tuba mirabilis (HD) 8'


D'Aweiung[änneren | Quelltext änneren]

Sonndes, den 28 Juli 1912 ass d'Uergel virun der Houmass geseent ginn. Vun den aacht Stécker huet den Eduard Stahlhuth der dräi selwer gespillt.

Den Ëmbau an d'Vergréisserung vun 1962[änneren | Quelltext änneren]

Am Summer 1962 koum et zu engem Ëmbau vun der Uergel, mat där hirem Klang kee méi zefridde war. Un der Vergréisserung a Renovéierung huet d'Uergelmanufaktur Haupt vu Lëntgen geschafft. D'Instrument krut ee Manual bäi, an hat der duerno véier, eng elektresch Traktur gouf installéiert. Et koumen och en ettlech nei Regësteren dobäi. Leider goufe bei deenen Aarbechten och typesch Stahlhut Regësteren ewechgeholl, wéi "Tuba mirabilis".
Nodréiglech ass et dem Kierchrot séier opgefall, datt se besser dru gedoen hätten, eng aner Firma z'engagéieren.
Direkt no der Aweiung den 3. März huet den Albert Leblanc, deen op der Uergel bei der Aweiung Wierker vum Johann Sebastian Bach, Frescobaldi a Franck gespillt hat, seng Onzefriddenheet däitlech ausgedréckt. Zwee Joer drop goung déi Lëntgener Firma a Faillite, nodeem se zu Esch an der Jousefskierch d'Uergel mat Hëllef vu Material, dat näischt gedaagt huet, renovéiert hat.

Dispositioun säit 1962 bis 2002[änneren | Quelltext änneren]

D'Nummeren 1-89 sinn der Uerdnung vum Spilldesch (1962-2002) no ugeuerdnet.

Manual 2 Haapwierk Pedall Manual 4 Romantescht Schwellwierk Manual 3 Echoschwellwierk Manual 1 Positiv
1 Großprinzipal 16' 21 Untersatz 32' 42 Bordun 16' 59 Zartgedackt 8' 78 Rohrflöte 8'
2 Bordun 16' 22 Contrabass 16' 43 Geigenprinzipal 8' 60 Salicional 8' 79 Weidenpfeife 8'
3 Weitprinzipal 8' 23 Subbass 16' 44 Gedackt 8' 61 Prinzipal 8' 80 Oktave 4'
4 Prinzipal 8' 24 Bordunbass 16' 45 Gamba 8' 62 Flöte 8' 81 Gedacktflöte 4'
5 Gedackt 8' 25 Oktavbass 8' 46 Unda maris 8' 63 Ital. Prinzipal 4' 82 Flageolet 2'
6 Gemshorn 8' 26 Zartgedackt 8' 47 Harmonieflöte 8' 64 Rohrflöte 4' 83 Larigot 1 1/3
7 Prästant 4' 27 Gedacktbass 8' 48 Traversflöte 4' 65 Nasat 2 2/3' 84 Zymbel 3fach 1'
8 Flöte 4' 28 Quintbass 5 1/3' 49 Fugara 4' 66 Blockflöte 2' 85 Krummhorn 8'
9 Quinte 2 2/3' 29 Choralbass 4' 50 Siffquinte 2 2/3' 67 Terz 1 3/5' 86 II-I
10 Oktave 2' 30 Flötenbass 4' 51 Cornettino 3fach 68 Piccolo 1' 87 III-I
11 Mixtur 4-5fach 31 Pedallflöte 2' 52 Scharff 4 fach 1' 69 Kleinmixtur 3-4fach 88 IV-I
12 Fagott 16' 32 Pedallmixtur 4fach 53 Oboe 8' 70 Tuba 16' 89 Tremolo
13 Trompete 8' 33 Posaune 16' 54 Vox humana 8' 71 Trompete 8'
14 Clairon 4' 34 Basstrompete 8' 55 Musette 4' 72 Schalmey 4'
15 I-II 35 Basson 8' 56 IV-IV super 73 IV-III
16 III-II 36 Claironbass 4' 57 IV-IV sub 74 IV-III super
17 IV-II 37 Clarine 2' 58 Tremolo 75 III-III super
18 III-II super 38 I-P 76 IV-III sub
19 IV-II super 39 II-P 77 Tremolo
20 IV-II sub 40 III-P
41 IV-P

Dispositioun säit 2002[änneren | Quelltext änneren]

Manual 1 Haaptwierk Manual 2 Positiv Schwellwierk Manual 3 Récit Schwellwierk Manual 4 Bombardwierk Pedall
1 Prinzipal 16' 22 Bordun 16' 44 Quintatön 16' 62 Bombarde en chamade 16' 66 Untersatz 32'
2 Bordun 16' 23 Gamba (Ext.26) 16' 45 Geigenprinzipal 8' 63 Trompette en chamade 8' 67 Majorbass 16'
3 Majorprinzipal 8' 24 Prinzipal 8' 46 Flûte harmonique 8' 64 Trompette en chamade 5 1/3' 68 Minorbass (Tr.1) 16'
4 Minorprinzipal 8' 25 Seraphon Flöte 8' 47 Violine 8' 65 Clairon en chamade 4' 69 Subbass 16'
5 Seraphon Gedackt 8' 26 Gamba 8' 48 Unda maris 8' 70 Gamba (Tr.23) 16'
6 Fugara 8' 27 Vox coelestis 8' 49 Zartgedackt 8' 71 Bordun (Tr.22) 16'
7 Gemshorn 8' 28 Quinatön 8' 50 Salicional 8' 72 Oktavbass 8'
8 Rohrflöte 8' 29 Lieblichgedackt (Ext.22) 8' 51 Octav 4' 73 Gedacktbass 8'
9 Quinte 5 1/3' 30 Octav 4' 52 Rohrflöte 4' 74 Cello 8'
10 Octav 4' 31 Flauttraverso 4' 53 Fugara 4' 75 Zartgedackt (Ext.29) 8'
11 Flûte harmonique 4' 32 Gamba (Ext.26) 4' 54 Flageolet 2' 76 Flûte 4'
12 Terz 3 1/5' 33 Nasard 2 2/3 55 Progressio harmonica III-V 2 2/3 77 Choralbass (Ext.72) 4'
13 Quinte 2 2/3' 34 Quintgamba 2 2/3 56 Bombarde 16' 78 Contrabombarde 32'
14 Octav 2' 35 Piccolo 2' 57 Trompette harmonique 8' 79 Posaune 16'
15 Terz 1 3/5 36 Gamba (Ext.26) 2' 58 Basson-Hautbois 8' 80 Fagott 16'
16 Großmixtur III-IV 37 Tierce 1 3/5' 59 Oboe 8' 81 Tuba 8'
17 Mixtur IV-V 38 Terzgamba 1 3/5' 60 Vox humana 8' 82 Clairon 4'
18 Bombarde 16' 39 Plein Jeu V-VI 61 Clairon harmonique 4'
19 Trompete 8' 40 Cor anglais 16'
20 Horn 8' 41 Tuba mirabilis (HD) 8'
21 Clairon 4' 42 Trompete 8'
43 Clarinette 8'

D'Amis de l'Orgue Saint-Martin, Dudelange[änneren | Quelltext änneren]

Op Initiativ vum Paschtouer Robert Sibenaler koum et 1988 zu der Grënnung vun enger Vereenegung vun den Uergelfrënn, an et goufe Concerte mat eminenten Organisten organiséiert.

Op der Uergel an der Diddelenger Kierch gi reegelméisseg Concerte mat renomméierte Museker vu Lëtzebuerg an aus anere Länner organiséiert.

Film iwwer déi Diddelenger Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Christoffel, A., 2012. Zum hundertsten Jubiläum der Düdelinger Stahlhut-Orgel. Vielfalt und Schönheit der Klänge. Die Warte 11|2361 vum 22. Mäerz 2012, S. 4-5.
  • Amis de l'orgue Saint-Martin (Éd.), 2002. Die Düdelinger Kirche und ihre Stahlhuth-Orgel: mit Beiträgen über Kirchenkunst, Orgelbau und Orgelmusik sowie einer Monografie über die Orgelbauer Georg und Eduard Stahlhuth. Dréckerei Saint-Paul, 510 S. ISBN 9782879969206

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]