Uergelbauer

Vu Wikipedia

En Uergelbauer ass een Handwierker, dee spezialiséiert ass am Bau an am Ënnerhalt vun Uergelen a vun deene villen Eenzeldeeler, déi beim Bau vun enger Uergel gebraucht ginn.

An dësem Handwierk muss ee vill Technike beherrschen: Schräinerei, Mechanik, Verschaffe vu Metaller, vun Hait an aner plasteschem Material, Elektrotechnik an Informatik. Ausserdeem muss den Uergelbauer grouss musikalesch an akustesch Kenntnisser hunn.

Den Uergelbau gehéiert zu de Konschthandwierker.

De Klang vun der Uergel an d'Upassen un de Sall, wou se agebaut gëtt, ass d'Aarbecht vum Harmonist.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Norbert Thill: Orgeln und Orgelbau in Luxemburg, Ed. Borschette, Larochette 1993.