Uergele Kierch Capellen

Vu Wikipedia

An der Kierch vu Capellen gëtt et zwou Uergelen: Eng vun der Firma Haupt, an déi Deeler vun enger méi aler vun der Firma Müller (1909) agebaut goufen, an eng vun der Uergelmanufaktur Weimbs vun Hellenthal (2005).

D'Müller-Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1909 huet den deemolege Kiercherot decidéiert, eng Päifenuergel unzeschafen. D'Bridder Müller vu Reifferscheid an der Äifel hu se gebaut an d'Instrument gouf 1910 ageweit. D'Uergel stoung um Duxall an hat 478 Päifen. Et war déi néngandrëssegst a lescht Uergel, déi vun de Bridder Müller zu Lëtzebuerg opgeriicht gouf.

1935 gouf se restauréiert an Deeler dervu goufen ersat.

D'Haupt-Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem an de Fofzegerjore vum 20. Joerhonnert déi Kaper Parkierch ze kleng gi war, gouf dunn eng nei gebaut. Déi nei Kierch gouf 1956 mat enger Uergel vun der Lëntgener Firma Haupt ausstafféiert, bei där d'Wandkëschten an néng Regëstere vun der Müller-Uergel iwwerholl goufen.

D'Päife goufe laanscht déi westlech Mauer opgehaangen, datt se déi ronn Fënster an der Nordsäit net sollt verstoppen. Op déi Manéier sinn d'Päife vum Schwellwierk um Späicher installéiert ginn.

Beroder fir d'Ariichtung vum Instrument war deen deemolege Kathedralsorganist Albert Leblanc. D'Uergel hat 1.189 Päifen a war elektresch a pneumatesch ausgefouert. De Spilldësch hat 2 Manualer.

D'Weimbs-Uergel[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2000 war d'Uergel an engem schlechten Zoustand. Den deemolegen Dirigent an Organist vum Kierchchouer, de Museksprofesser Camille Rodenbour, huet virgeschloen, mat verschidden Uergelmanufakture Kontakt opzehuele fir eng Restauratioun an eventuell en Ausbau vun der Uergel. 2003 gouf en Uergelbauveräi gegrënnt. Mä dat Joer ass den Här Rodebour gestuerwen an den Doumorganist Carlo Hommel huet d'Roll vum technesche Beroder iwwerholl. Bei aacht Fabrikante goufen Devisë gefrot.

Well e komplett neit Instrument ze deier war, ass decidéiert ginn, um Duxall en zousätzlecht Uergelelement opzeriichten an dat mat deem alen ze verbannen.

Zulescht krut d'Uergelmanufaktur Weimbs vun Hellenthal an der Äifel 2005 d'Commande fir en neit Schwellwierk mat siwe Regësteren an en neie mechanesche Spilldësch mat dräi Manualen a mechanesch Schläiflueden um Duxall opzeriichten, an op déi Manéier kënnen déi Päifen un der Mauer zur selwechter Zäit gespillt ginn. Loftdrocksënnerscheeder ginn duerch Tëscheballeger ausgeglach.

E puer Wochen ier d'Uergel sollt ageweit ginn, ass de Carlo Hommel gestuerwen.

Dat aktuellt Instrument huet 1.335 Metallpäifen, 102 Holzpäifen an 112 Zongepäifen.