Uergelmanufaktur Georg Westenfelder

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'Gebai vun der Uergelmanufaktur
Uergelpäifen hanner der Fënster

D'Manufacture d'orgues luxembourgeoise Georg Westenfelder S.à r.l., am Volleksmond Lëntgener Uergelfabréck, ass déi eenzeg Uergelmanufaktur zu Lëtzebuerg.

Si gouf 1924 vum Georg Haupt an dem Josef Fieth zu Lëntgen als Filial vun der däitscher Firma Stahlhut vun Oochen gegrënnt. De Georg Haupt ass 1932 eleng Proprietär gi well de Josef Fieth d'Direktioun vu Stahlhut zu Oochen iwwerholl huet. Kuerz drop huet d'Firma den Numm a Manufacture d'Orgues Luxembourgeoise succ. G.Haupt, Lintgen emgeännert. De Georg Haupt ass am Juni 1952 gestuerwen. Seng Witfra Jeanne Haupt-Weber huet d'Uergelmanufaktur mat hirem Neveu Hermann Haupt, duerno mam Neveu Charel Haupt weidergeféiert, mä d'Entreprise ass Ufank den 1960er fir faillite erkläert ginn.

D'Gebailechkeete goufe vum Industriellen Auguste Mreches opkaaft, deen d'Direction commerciale iwwerholl huet an dem Nic Loewen déi technesch Direktioun uvertraut huet. 1964 gouf d'Firma vum Herbert Schmidt, duerno 1969 vum Georg Westenfelder iwwerholl. 1979 huet d'Entreprise hiren aktuellen Numm ugeholl. Zanter 2010 gëtt d'Manufaktur vum Andreas Westenfelder, dem Georg Westenfelder sengem Jong, geleet.

D'Gebai vun der Manufaktur, dat an der Dikrecherstrooss op Nr 75 steet an 1923 gebaut gouf, ass zanter dem 18. November 2010 als nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Hick, Thierry: Begegnung mit dem einzigen Orgelbauer Luxemburgs. Luxemburger Wort vum 12. Mäerz 2015, S. 14.
  • Anne Heintz: Die Liebe steckt im Detail, Luxemburger Wort vum 28. Juli 2015, S. 8-9., och op wort.lu: Kein Beruf sondern eine Berufung

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uergelmanufaktur Georg Westenfelder – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]