Op den Inhalt sprangen

Uergelmanufaktur Georg Westenfelder

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Uergelmanufaktur vu Lëntgen)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Uergelmanufaktur Georg Westenfelder
Land Lëtzebuerg
D'Gebai vun der Uergelmanufaktur
Uergelpäifen hanner der Fënster

D'Manufacture d'orgues luxembourgeoise Georg Westenfelder S.à r.l., am Volleksmond Lëntgener Uergelfabréck, war déi eenzeg Uergelmanufaktur zu Lëtzebuerg. Si huet 2020 hir Dieren zougemaach. D'Uergelmanufaktur Schumacher vun Eupen huet 2021 hire Fonds de commerce iwwerholl.[1]

D'Gebai, dat zanter 2010 zu de klasséierte Monumenter gehéiert, gouf dono bis 2025 renovéiert a bitt zanterhier, als Maison de l'Orgue, Raimlechkeete fir kulturell Evenementer, sou wéi och e Restaurant.

Si gouf 1923-1924 vum Georg Haupt an dem Josef Fieth zu Lëntgen, an der Dikrecher Strooss op Nr 75, als Filial vun der däitscher Firma Stahlhut vun Oochen gegrënnt. De Georg Haupt ass 1932 eleng Proprietär gi well de Josef Fieth d'Direktioun vu Stahlhut zu Oochen iwwerholl huet. Kuerz drop huet d'Firma den Numm a Manufacture d'Orgues Luxembourgeoise succ. G.Haupt, Lintgen emgeännert. De Georg Haupt ass am Juni 1952 gestuerwen. Seng Wittfra Jeanne Haupt-Weber huet d'Uergelmanufaktur mat hirem Neveu Hermann Haupt, duerno mam Neveu Charel Haupt weidergeféiert, mä d'Entreprise ass Ufank der 1960er fir faillite erkläert ginn.

D'Gebailechkeete goufe vum Industriellen Auguste Mreches opkaaft, deen d'Direction commerciale iwwerholl huet an dem Nic Loewen déi technesch Direktioun uvertraut huet. 1964 gouf d'Firma vum Herbert Schmidt, duerno 1969 vum Georg Westenfelder iwwerholl. 1979 huet d'Entreprise den Numm Manufacture d'orgues luxembourgeoise Georg Westenfelder ugeholl. Zanter 2010 gëtt d'Manufaktur vum Andreas Westenfelder, dem Georg Westenfelder sengem Jong, geleet.

D'Gebai vun der Manufaktur ass zanter dem 18. November 2010 als nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen.[2]

2021 bis 2025, nodeems de Fonds de commerce vun der Eupener Uergelmanufaktur Schumacher iwwerholl gi war, gouf d'Gebai renovéiert an technesch moderniséiert. Et goufe 4 Deeler amenagéiert: eng kleng Ausstellung iwwer d'Geschicht vum Gebai an iwwer Uergelbau, mat original Geschier, Modeller an Dokumenter; den Uergelsall an där 2022 eng Uergel installéiert gouf op där Concerte gespillt kënne ginn; e Festsall, an e Restaurant. Aner Deeler vun de Gebailechkeete sinn u Büroen a Geschäfter verlount ginn.[3]

  • Hick, Thierry: Begegnung mit dem einzigen Orgelbauer Luxemburgs. Luxemburger Wort vum 12. Mäerz 2015, S. 14.
  • Anne Heintz: Die Liebe steckt im Detail, Luxemburger Wort vum 28. Juli 2015, S. 8-9., och op wort.lu: Kein Beruf sondern eine Berufung
 Commons: Uergelmanufaktur Georg Westenfelder – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. "Luxemburger Orgelbau wird belgisch." wort.lu, 23.03.2021.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
  3. Raphaël Ferber "Lintgen's historic organ factory reopens as cultural, culinary landmark.>" today.rtl.lu, 15.06.2025.