Uerschdrefer Millen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Uerschdrefer Millen
An anere Sproochen fr: Arsdorf-Moulin
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Coat of arms rambrouch luxbrg.png Rammerech
Buergermeeschter Toni Rodesch (CSV)
Koordinaten 49° 51’ 51’’ N 05° 51’ 26’’ O

D'Uerschdrefer Millen ass eng Millen an e Lieu-dit an der Gemeng Rammerech, ronn 1 km am Oste vun Uerschdref. Op den topographesche Kaarte vum Kadaster ass se als Ueschtrëfermillen ze fannen.

Se läit op enger Héicht vun 395 Meter am Dall vun der Ueschtrëferbaach, just 100 Meter nodeem déi aus dem Zesummelaf vun der Burbich an der Lameschbaach entsteet.

Ëm 1414 huet d'Millen den Hären zu Cronenberg gehéiert, an et war eng Bannmillen.

1940 gouf d'Millen nei ageriicht a se huet als Cleintsmille bis 1945 funktionéiert.

Op d'Mille kënnt ee wann ee vun Uerschdref iwwer den CR313 a Richtung Heeschpelt fiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]