Op den Inhalt sprangen

Justizkräiz

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Uertsel)

E Justizkräiz ass e Steekräiz, dat u fréier Geriichtsplazen erënnert an als wichtegt Zeeche vun der Justiz- a Kulturgeschicht gëllt. Am Justizkräiz ass déi chrëschtlech Symbolik vum Kräiz mat der weltlecher Geriichtsbarkeet verbonnen. Justizkräizer gehéieren haut zum kulturellen Ierwen.

D'Iechternacher Justizkräiz op der Maartplaz (2015).

D'Justizkräizer ginn op d'Mëttelalter an déi fréi Nei­zäit zeréck, wéi d'Geriichter dacks am Fräien op feste Geriichtsplazen ofgehale goufen. Déi Plaze louchen dacks um Rand vun de Siidlungen oder op héijen, respektiv markante Punkte mat Gaalgen oder Geriichtsbeem.

Ee vun den eelste bekannte Beispiller ass d'Justizkräiz zu Iechternach, dat ëm 1236 datéiert gëtt, wéi d'Stad Iechternach de Fräiheetsbréif krut. Mat de Justizreformen an der Nei­zäit, besonnesch ënner franséischem Afloss am spéiden 18. Joerhonnert, goufen ëffentlech Riichtplazen ofgeschaaft, mee d'Kräizer sinn als Reliquie vun der aler Geriichtsuerdnung stoe bliwwen.

Funktioun a Bedeitung

[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech hunn d'Justizkräizer Plaze markéiert, wou d'Hougeriicht zesummekoum, Strofen ausgeschwat an deelweis Doudesurteeler vollstreckt goufen. Si hunn domat de raimleche Geltungsberäich vun der Geriichtsbarkeet vun engem Grond‑ oder Stadthär duergestallt an d'Presenz vun der Autoritéit gewisen.

D'Form vum Kräiz huet dem Geriichtswiesen eng zousätzlech reliéis Dimensioun ginn, andeem se weltlech Strof mat chrëschtleche Virstellunge vu Schold, Sënn a gëttlecher Gerechtegkeet verbonnen huet. Esou konnten d'Justizkräizer gläichzäiteg Mahnmal fir Täter, Trouschtsymbol fir Affer an Zeeche vun der moralescher Legitimitéit vun der Justiz sinn.

Verbreedung am Land

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg steet niewent Iechternach nach e Justizkräiz an der Fiels an zu Wolz.

Méiglecherweis huet dat Kräiz, dat dem Biergerkräiz säin Numm ginn huet, dem Schlasshär vu Buerglënster als Justizkräiz gedéngt.

D'Monument vum Klëppelkrich bei der Abtei zu Klierf huet d'Form vun engem Justizkräiz.