Uewerpallen

Vu Wikipedia
Uewerpallen
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Oberpallen
de: Oberpallen
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Biekerech
Buergermeeschter Thierry Lagoda
Awunner 417
  12. Juli 2006[1]
Fläch 430,6602 ha
Héicht 298 m
Koordinaten 49° 43’ 46’’ N
      05° 50’ 32’’ O

Uewerpallen ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Schoul zu Uewerpallen
Um Diggel
Den Haff A Gräins
Viischt Dier vum Haff "A Gräins"
Déi fréier Gendarmerie zu Uewerpallen
Gossemaark N°121 tëscht Tontel an Uewerpallen

Uewerpallen läit um Zesummefloss vun der Pall an der Péilz an engem breeden Dall deen a Richtung Belsch méi schmuel gëtt. Déi gréisst Partie vum Duerf läit op Lëtzebuerger Sandsteen (op Giisch an op Arel zou), zur Kolpecher an Eller Säit sinn d'Biedem méi schwéier.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Rose des vents Kolpech Leewel Rose des vents
Tontel N Biekerech
W    Uewerpallen    O
S
Bunnert Giisch

Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft ass un d'Stroossennetz ugeschloss duerch d'Nationalstrooss N 24, déi vun Arel op Dikrech féiert, d'Nationalstrooss N 22, déi op Réiden op der Atert geet an den CR303 deen op Kolpech geet.

Zwéi Feldweeër, op deenen ee mam Auto fuere kann, verbannen Uewerpallen mat Tontel a Bunnert. Een drëtte geet iwwer de Schnuddelbierg op Giisch.

D'landwirtschaftlech Terraine sinn am Süden, Westen an Norde vu Bëscher agegrenzt, no Osten ass den Dall op bis op Liewel.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm vum Duerf ass op d'Baach Pall, déi duerch d'Duerf fléisst, zeréckzeféieren. Et bedeit, datt Uewerpallen um ieweschten Deel vun der Baach, no bei der Quell läit. Nidderpallen läit deemno um aneren Enn.[2]

Dowéinst kann aus dem Numm vun der Baach, wéi et scho verschidde Lokalhistoriker probéiert hunn, de Grënnungszäitraum vum Duerf net ofgeleet ginn. Verschidde Variatioune vum Numm (bspw. Pilldorf oder Palldorf) loossen op eng Grënnung vum Duerf zur Zäit vun der eelster fréifränkescher Zäit schléissen. Den Diggel (um Diggel), deen hautdesdaags zu Uewerpallen gehéiert, an nëmmen e puer honnert Meter vum „Zentrum“ ewech läit, war deemools en eegent Duerf, a gouf zu där Zäit Didelingen, oder Dudlingen genannt. Dësen Duerfnumm ënnerstëtzt d'Thes, datt Uewerpallen zu där Zäit gegrënnt ginn ass.[3]

Archeologie[änneren | Quelltext änneren]

Déi eelst siichtbar Reschter zu Uewerpallen stamen aus dem 18. Joerhonnert. Et handelt sech dobäi ëm d'Kierch, déi 1707 fäerdeg gouf, de Baurenhaff A Gräins vu 1766 an d'Kräizer déi laanscht Stroosse stinn, déi och all aus dem 18. Joerhonnert stamen.[4] Déi follgend Erkenntnesser sinn all op ärcheologesch Prospektiounen a Loftbildopname vum Camille Robert zeréckzeféieren.[5] Den Territoire vum haitegen Uewerpallen gouf säit dem Paleolithikum onënnerbrach besidelt.[6] Dat ass duerch archeologesch Decouverte beluecht an ass warscheinlech op déi gutt geographesch Lag (zwou Baachen déi duerch d'Duerf fléissen) zeréckzeféieren. Uewerpallen ass wéinst dëser aler Siidlungsgeschicht och un dat réimescht Stroossennetz ugeschloss gewiescht (de Réimerwee existéiert haut nach). Besonnesch interessant ass eng grouss réimesch Villa, déi an den 1970er Joren entdeckt, mä nach net ausgegruewe gouf.

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

An den éischten, mëttelalterleche Quellen ass riets vu Pillen, Pallen, Pilldorf (oder Pildorf), Palldorf (oder Paldorf), Pellen, Pollen.... Et gëtt keen Ënnerscheed mat dem Duerf Nidderpallen, dat nëmmen e puer Kilometer dovun ewech läit, gemaach. De Prefix gouf eréischt Unfanks vum 15. Joerhonnert bäigesat.[7] Deemno stellt sech de Problem vun der Identifikatioun an de Quelle fir déi zwee Dierfer. Déi éischt schrëftlech Quelle stamen aus dem 13. a 14. Joerhonnert. Am Cartulaire vum Märjendaller Klouschter, dat an den 30er Jore vum 13. Joerhonnert gegrënnt ginn ass, ass munnechmol an deene verschiddene Variatioune vun Uewer- oder Nidderpallen riets. Dat éischt Dokument an deem mat Sécherheet Uewerpallen gemengt ass, staamt vum 27.4.1280. Et geet aus deem Dokument ervir, datt e gewëssene Gelemannus, genannt vun Arel, festgestallt huet, datt him am Klouschter ofwiesselnd d'Presentatiounsrecht zu Uewerpallen zousteet. An deem Dokument aus dem Cartulaire vum Märjendaller Klouschter,[8] geet riets vum Presentatiounsrecht vun der Kierch zu Pellen. Den Textausschnëtt vun dësem Dokument ass dee follgenden:

Volumus esse notum quod Gelemannus opidanus arlunensis constitutus coram nobis recognovit.. priorissam et conventum Vallis sancte Marie habere ius presentandi una secum ad ecclesiam de Pellen, et cum ipse nunc presentaverit Theodericum presbyterum de Beckirchen ad eandem ecclesiam de Pellen [...].

Well Nidderpallen keng Par ass,[9] an deemno fréier och keng gewiescht ass, kann et sech an deem Dokument nëmmen ëm Uewerpallen handelen. Well awer och nach an aneren Dokumenter vu virun 1280 vu Pallen riets ass, ass et gutt méiglech, datt d'Duerf och schonn éischter ernimmt gouf. Bis elo konnten awer an deenen Dokumenter nach keng Beleeger fir eng Zouuerdung zu engem vun deenen zwee Dierfer fonnt ginn. Weider Ernimmunge confirméieren de kierchlechen Zesummenhank tëscht dem Klouschter am Märjendall an der Uertschaft Uewerpallen, an dat bis iwwer de Mëttelalter eraus.

Uewerpallen huet relativ sécher scho virum 13. Joerhonnert zur Parorganisatioun vun der Martinskierch zu Arel gehéiert. Zu engem onbestëmmten Datum huet et sech du vun der Mammekierch, der Martinskierch, getrennt an ass eng eegestänneg kleng Par ginn. Bittpressiounen tëscht Uewerpallen an der Martinskierch (op Mäertesdag) an ëmgedréint loossen dorop schléissen.[10] De Patréiner vun der Parkierch zu Uewerpallen ass den Hellege Germanus (Hl. Germanus vu Paräis, ëm 496-28. Mai 576 zu Paris). Dësen Numm ass als Kierchepatréiner zu Lëtzebuerg eenzegaarteg a léisst op eng fréi Grënnung schléissen.[11] Datt d'Grenz vun den zwéi Landdekanater Miersch an Arel och op der Héicht vun der Par Uewerpallen verleeft, beleet d'Thes vun der ausseruerdentlech fréier Grënnung vun der Uewerpallener Par.[12]

19. Joerhonnert[änneren | Quelltext änneren]

Uewerpallen war vun 1839 bis 1846 eng eegestänneg Gemeng.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gemeng Uewerpallen.

Et gouf eng Molkerei am Tontelerwee, déi Mëtt der 1950er Joren zougemaach gouf, op der Plaz vun der Molkerei steet haut e Käschtebaam.

D'Douaneshaischen dat op der Grenz stoung, gouf ewechgerappt. Zu Pallen waren och ni Douaniere stationéiert. Den Douanesdéngscht gouf do vun der Gendarmerie gemaach. D'Gendaarmen hu mat hire Familljen an Déngschtwunnenge nieft dem Wuechthaische gewunnt an am Paschtoueschhaus.

D'Bild hei niewendrun ass eng Postkaart vun 1907, a weist eng Zeen um Diggel. Et kéint ee sech wonneren datt an deem klengen Duerf sou vill Leit op der Strooss sinn. D'Bild staamt aus enger Zäit an där vill Aktivitéit an der Uertschaft war. Dat éischt Haus am Bild ass eng Wirtschaft mat Restaurant déi der Wittfra Warnimont gehéiert huet, an duerno der Famill Thilmany. D'Gebai hannen am Bild ass déi fréier Duchfabréck déi dem Edmond Lazard, gebierteg vun Arel, gehéiert huet. Déizäit hunn iwwer uechtzeg Leit do geschafft. D'Wiewerei huet hir Dieren ëm 1913 zougemaach. Haut ass d'Haus mat der N° 24 op der Areler Strooss am Besëtz vun der Famill Binsfeld.

Den Edmond Lazard war ee vun den éischte Piloten an der Géigend an hat en Doppeldecker.

Den Diggel[änneren | Quelltext änneren]

Den Diggel ass hautdesdaags de Quartier, deen op der belscher Grenz läit. Fréier war deen Deel vun der Uertschaft awer nach en eegent Duerf; dat geet aus de mëttelalterlechen Dokumenter ervir.[13] Déi éischt Ernimmung staamt - sou den Nicolas Bosseler - aus dem Joer 1255. Zu där Zäit gouf d'Duerf nach Diseldenges genannt. Datt et effektif een Duerf war léisst sech eréischt 1465 noweisen:[14]

„Arnold von der Feld erwirbt das Dorf Duttlingen von Sire Weyrich de Puttlingen für 100 Gulden.”

Den Toponym "Schlassuecht" weist drophin, datt um Diggel fréier e Schlass stoung. Allerdéngs ass dat net sou einfach nozeweisen, well et keng Iwwerreschter oder schrëftlech Quelle méi gëtt; den eenzegen handfeste Beweis liwwert de Charles Bivort. Deen huet a senger Monographie eng Tak, déi aus deem Schlass staamt, ofgemolt.[15] 1593 heescht et, datt d'Uertschaft, deemools Düdelingen genannt, verschwonnen ass.[16] Zanterhier ass den Diggel nëmmen nach e Quartier vun Uewerpallen.

Well den Diggel a quasi guer kengen Dokumenter opdaucht, ass et ganz schwéier d'Geschicht vun deem Deel vun Uewerpallen z'ënnersichen.

Bekannt Persounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Uewerpallen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Primär Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bertholet, Jean. Histoire ecclésiastique et civile du duché de Luxembourg et comté de Chiny. Bastogne: Éd. Musée en Piconrue, 1997. (Réimpr. de l'éd. de: Luxembourg: Chez André Chevalier, Imprimeur de Sa Majesté la Reine de Hongrie, 1741-1743)
  • Estgen, Aloyse, Michel Pauly, Hérold Pettiau, et Jean Schroeder. Coll. UQB, Tome XI: Die Urkunden Graf Johanns des Blinden (1310-1346), 2e partie: Die Urkunden aus den Archives générales du Royaume in Brüssel. Luxembourg: Publications du CLUDEM, 2009.
  • Goffinet, Hippolyte. Cartulaire de Clairfontaine. Arlon: Typographie et Lithographie de P.-A- Bruck, 1877.
  • Heydinger, Joannes W. Archidiaconatus, Tituli S. Agathes, in Longuiono, Archidioecesis Trevirensis,... descriptio …. Trèves: Groppe, 1884.
  • Kaiser, Johann Baptist. Das Archidiakonat Longuyon am Anfange des 17. Jahrhunderts. Visitationsbericht von 1628- 1629. Tome 2, coll. Schriften der Elsass-Lothringischen Wissenschaftlichen Gesellschaft. Série A, Tome 4. Heidelberg: Société alsacienne d'éditon „Alsatia“, 1929.
  • Medinger, Eugen. Geschichte der Ortschaft Oberpallen. Urkundenmaterial für Oberpallen. Geschichte der Ortschaft mit Pfarrei Oberpallen. Fonds de la “Millen a.s.b.l.”: Ecritures privées non éditées, [s.d.]; environ 1900.
  • Schon, Arthur. Zeittafel zur Geschichte der Luxemburger Pfarreien von 1500-1800. 5 volumes. Esch-sur-Alzette: Kremer-Muller, 1954-57.
  • Tandel, Emile. Les communes luxembourgeoises. 7 volumes. Arlon: Institut archéologique du Luxembourg, 1889. (Réimpr. de l'éd.: Bruxelles: Éditions Culture et Civilisation, 1979.)
  • Van Werveke, Nicolas. Cartulaire du prieuré de Marienthal. 2 volumes. Luxembourg: Publications de la Section Historique de l'Institut G.-D. de Luxembourg, 1885; 1891.
  • Verkooren, Alphonse. Inventaire des Chartes & Cartulaires du Luxembourg. Tome 2. Bruxelles: Typographie et Lithographie de E. Guyot, 1915.
  • Würth-Paquet, François-Xavier. “Archives de Marches de Guirsch.” Annales de l'Institut Archéologique du Luxembourg 10 (1878): 25-76, 179-205; 12 (1880): 105-183.
  • Würth-Paquet, François-Xavier. “État des seigneuries et des biens-fiefs dépendants du marquisat d'Arlon dressé en février 1480.” Annales de la Société pour la conservation des monuments historiques et des œuvres d'art dans la province de Luxembourg 2 (1852): 209-216.

Sekundär Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Bernard-Lesceux, Isabelle. “L'école au village: L'exemple d'Oberpallen.” Hémecht 49 (1997): 523-61.
  • Bernard-Lesceux, Isabelle. “Les calvaires et croix de chemin d'Oberpallen. Un exemple de piété populaire dans la campagnes luxembourgeoises au XVIIIe siècle.” Hémecht 51 (1999): 503-32.
  • Bivort, Charles. “Traditions et superstitions du Grand-Duché de Luxembourg.” Revue des traditions populaires 12 (1897): 326-333.
  • Bivort, Charles. Mon Village Oberpallen: Histoire, traditions, usages, mœurs, coutumes, fêtes religieuses et populaires, légendes, métiers, dictons, superstitions, croyances populaires du vieux temps. Paris: Imprimerie de la Bourse de commerce, 1902.
  • Bosseler, Nicolas. “Die Pfarrkirche Oberpallen.” Heimat und Mission 11-12 (1978): 231.
  • Bosseler, Nicolas. Die Gemeinde Beckerich. Eine Reise durch die Zeit. Luxembourg: Rapidpress, 1996.
  • Heyart, Luss. Das Kloster Marienthal und seine Geschichte. Leudelange: Imprimerie Reka, 2003.
  • Jungandreas, Wolfgang. Historisches Lexikon der Siedlungs- und Flurnamen des Mosellandes. Trèves: Lintz, 1963.
  • La Fontaine, Gaspard-Théodore-Ignace de. Extrait d'un essai étymologique sur les noms de lieux du Luxembourg germanique. Luxembourg: V. Brück, [s.d.].
  • Medinger, Eugen. “Alte Gebräuche in der Pfarrei Oberpallen.” Ons Hémecht 38 (1932): 199-206.
  • Meyers, Joseph. Studien zur Siedlungsgeschichte Luxemburgs. Luxembourg: De Gruyter, 1932.
  • Nilles, Léon N. “Oberpallen. Kein Dorf wie jedes andere.” Revue Luxembourgeoise (1961): 10-6.
  • Pauly, Ferdinand. Siedlung und Pfarrorganisation im alten Erzbistum Trier. Das Landkapitel Mersch, éd. Veröffentlichungen des Bistumsarchivs Trier, 21. Trèves: Selbstverlag des Bistumsarchivs Trier, 1970.
  • Prat, Georges-François. Histoire d'Arlon. 2 volumes. Arlon: Typographie et Lithographie de P.-A- Bruck, 1873.
  • Robert, Camille, et Romain Gaspar. “Grabungen und Funde. Actualités archéologiques.” Hémecht 56 (2004): 193-265.
  • Schaaff, Holger. Die Altertümer der Merowingerzeit im Großherzogtum Luxemburg. Luxembourg: Musée National d'Histoire et d'Art, 1993.
  • Van der Vekene, Emile. Les Cartes Géographiques du Duché de Luxembourg éditées aux XVIe, XVIIe et XVIIIe siècles. Luxembourg: Éditions Jean-Pierre Krippler-Muller, 1980.
  • Van Werveke, Nicolas. Luxemburger Flur- und Ortsnamenforschung. Luxemburg: Linden & Hansen, 1926.
  • Watelet, Marcel. Luxembourg en cartes et plans. Cartographie historique de l'espace luxembourgeois XVe-XIXe siècles. Tielt: Lannoo, 1989.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. beckerich.lu - D'Gemeng an Zifferen
  2. Dans l'antiquité, c'était toujours le cours d'eau qui passait son nom au bourg ou à la ville, tandis que depuis le Moyen Âge, c'était la localité qui donnait son nom à l'eau. Ce qui est une preuve de l'ancienneté du nom Pall. J. Nehrenhausen, 2006. Pallen et la Pall. In: A. Michels-Lenger. DT Jeunesse Niederpallen. 50e anniversaire, 1956-2006. Luxembourg, Éditions Saint-Paul, 2006, S. 141.
  3. Schaaf, Holger. Die Altertümer der Merowingerzeit im Großherzogtum Luxemburg. Luxemburg: Musée national d'histoire et d'art, 1993., 94 f.
  4. Bernard-Lesceux, Isabelle. Les calvaires et croix de chemin d'Oberpallen. Un exemple de piété populaire dans la campagnes luxembourgeoises au XVIIIe siècle. Hémecht 51 (1999): 503-32.
  5. Robert, Camille, et Romain Gaspar. Grabungen und Funde. Actualités archéologiques. Hémecht 56 (2004): 193-265.
  6. Robert und Gaspar, Suche, 265.
  7. Nehrenhausen, Pallen, S. 142.
  8. Van Werweke, Nicolas. Cartulaire du prieuré de Marienthal. 2 volumes. Luxembourg: Publications de la Section Historique de l'Institut G.-D. de Luxemburg (38, 39), 1885, Nr. 156
  9. Pauly, Ferdinand. Siedlung und Pfarrorganisation im alten Erzbistum Trier. Das Landkapitel Mersch, Veröffentlichungen des Bistumsarchivs Trier, 21. Trèves: Selbstverlag des Bistumsarchivs Trier, 1970, 132.
  10. Medinger, Eugen. Alte Gebräuche in der Pfarrei Oberpallen. Ons Hémecht 38 (1932): 199-206.
  11. Pauly, Siedlung, S. 133.
  12. IBID.
  13. BOSSELER, Gemeinde, 152.
  14. IBID, 94.
  15. BIVORT, Charles. Mon Village Oberpallen: Histoire, traditions, usages, mœurs, coutumes, fêtes religieuses et populaires, légendes, métiers, dictons, superstitions, croyances populaires du vieux temps. Paris: Imprimerie de la Bourse de commerce, 1902, 64.
  16. BOSSELER, Gemeinde, 94.