Ulrike Nisch

Vu Wikipedia

D'Ulrike Nisch, anere Versioune no och "Ulrika" genannt, ass eng kathoulesch Séileg a war Uerdensschwëster vun de Baarmhäerzege Schwëstere vum Hellege Kräiz. Si ass den 18. September 1882 zu Mittelbiberach an Oberschwaben als Franziska Nisch op d'Welt komm. Si wiisst fir d'éischt bei hirer Groussmamm, da bei hirer Tatta op. Well si an Aarmut liewen, mussen d'Franziska an hir Gesëschter scho fréi kleng Aarbechte maache fir déi si da Liewensmëttel an d'Plaz kréien.

No hirer Schoulzäit, am Alter vun 12 Joer schafft si als Déngschtmeedche bei Famill vun hir a fënnt spéider eng Plaz bei enger Famill zu Rorschach an der Schwäiz. Nodeem si schwéier krank gouf a vu Schwëstere gefleegt gouf, hat si de Wonsch an d'Klouschter anzetrieden. Déi "Baarmhäerzeg Schwëstere vum Hellege Kräiz" zu Hegne um Bodensee huele si 1904 op, a si hëlt den Numm "Ulrike" un. Als Kicheschwëster huet si an de Néierloossunge vum Uerden zu Bühl an zu Baden-Baden geschafft. Zu där Zäit hat si och ëmmer méi dacks Visioune vun Hellegen an Engelen.

No engem Liewen an Demut an am Déngscht vum Nächsten, ass si den 8. Mee 1913 zu Hegne un Tuberkulos gestuerwen an do um Klouschterkierfecht begruewe ginn. De Jean-Paul II. huet si den 1. November 1987 séileg gesprach. 1991 sinn hir stierflech Iwwerreschter an d'Krypta vun der Klouschterkierch zu Hegne iwwerfouert ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ulrika Nisch – Biller, Videoen oder Audiodateien