Union-Observatoire

Vu Wikipedia

De Union-Observatoire, englesch Union Observatory war en Observatoire am Quartier Observatory zu Johannesbuerg a Südafrika.

Den Numm gouf am Laf vun der Zäit dacks geännert. 1903 als Transvaal Meteorological Department um Observatory Ridge gegrënnt, war e vun 1909 bis 1912 ënner dem Numm Transvaal Observatory bekannt. Vun 1912 bis 1961 war seng Bezeechnung Union Observatory, fir dann nom Referendum a Südafrika 1960 a Republic Observatory ëmgenannt ze ginn. Wéinst der Liichtverschmotzung vu Johannesbuerg déi ëmmer méi grouss gouf, gouf den Observatoire am Joer 1972 zougemaach.

Zur selwechter Zäit huet d'südafrikanesch Regierung beschloss, déi ganz astronomesch Fuerschung ënner dem Daach vum South African Astronomical Observatory (SAAO) zesummenzefaassen. Déi wichtegst Teleskope goufen an d'Observatiounsstatioun vum SAAO zu Sutherland bruecht.

Eng vun de wichtegsten Observatiounen déi jee am Union-Observatoire gemaach gouf, war wéi 1915 den deemolegen Direkter Robert Innes de rouden Zwerg Proxima Centauri entdeckt huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]