Union pour un mouvement populaire

Vu Wikipedia
Logo Parteizentral
238 rue de Vaugirard
75015 Paris Cedex 15
Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 17. November 2002
Opléisung: 30. Mee 2015
(Ëmbenennung a
Les Républicains)
Memberen: 213.030 (2015)[1]
Positionnement: Riets a Mëtt-Riets
Faarwen: Blo-Rout
Europäesch Affiliatioun: Europäesch Vollekspartei

Union pour un mouvement populaire, kuerz UMP) war eng konservativ franséisch politesch Partei. Si gouf 2002 gegrënnt an ass 2015 an der Partei Les Républicains opgaangen. Nieft der Sozialistescher Partei war si eng vun den zwou grousse Parteien am Land.

D'UMP gouf als Union pour la majorité présidentielle fir Parlamentswalen 2002 gegrënnt. Et war en Zesummeschloss vu verschiddene Parteien aus dem Mëtt-rietse Spektrum ënner der Leedung vum Jacques Chirac. Am November 2002 huet se den Numm Union pour un mouvement populaire mat de selwechten Initialen adoptéiert. D'Unioun huet d'Presidente Chirac (2002-2007) an Nicolas Sarkozy (2007-2012) gestallt.

Mat der Victoire vum François Hollande vun der sozialistescher Partei bei de Presidentschaftswalen 2012 ass d'UMP an d'Oppositioun gaangen. Duerno huet si eng Rei intern Krisen duerchlaf. Den Nicolas Sarkozy ass 2014 erëm hire President ginn an huet am Mee 2015 d'Statutte vun der Partei ännere gelooss an e Changement vum Numm op D'Republikaner duerchgesat.[2]

Presidenten[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Le Figaro (online): «Les Républicains»: 60 intervenants et 5 heures de discours pour enterrer l'UMP (29. Mee 2015)
  2. Le Figaro (online): Au revoir l'«UMP», bonjour «Les Républicains» ! (29. Mee 2015)