United Instruments of Lucilin
| United Instruments of Lucilin | |
|---|---|
|
| |
| Museksgenre | Zäitgenëssesch Musek |
| Land |
|
| Grënnung | 1999 |
| Websäit | http://www.lucilin.lu/accueil, http://www.lucilin.lu/ |
|
| |
United Instruments of Lucilin ass e lëtzebuergeschen Ensembel fir zäitgenëssesch Musek deen 1999 vun enger Grupp vu passionéierten an engagéierte Museker gegrënnt gouf. Ganz der Fërderung an der Commande vu Wierker aus dem 20. an 21. Joerhonnert gewidmet, ass United Instruments of Lucilin haut weltwäit fir seng aussergewéinlech Programmer bekannt.
Mat ronn 40 Concerten d'Joer presentéiert Lucilin eng breet Palett vu musikaleschen Evenementer, déi vun “traditionelle” Concerten iwwer Musekstheater-Produktiounen a Kannerprojeten bis zu Improvisatiouns-Sessioune reechen.
Am Joer 2023 huet den Ensembel eng eegen onofhängeg Serie Lucilin in the City gestart a war och an der Philharmonie Lëtzebuerg mat senger Serie Lucilin: Now! vertrueden. All Joer organiséiert Lucilin d'Luxembourg Composition Academy an Zesummenaarbecht mam rainy days Festival.
A leschter Zäit huet United Instruments of Lucilin Wierker bei Komponiste wéi dem François Sarhan, Igor C Silva, Diana Soh, Elsa Biston, Albena Petrovic-Vratchanska, Mirela Ivičević, Camille Kerger, Patrick Muller, Sina Fallahzadeh a Yang Song an Optrag ginn.
Den Ensembel fir zäitgenëssesch Musek krut am Kader vun enger Konventioun mam Kulturministère 2021 ronn 250.000 €, fir 2022 gouf dëse Budget verduebelt. Am Projet fir de Staatsbudget 2022 huet den Ensembel eng eege Ligne budgétaire kritt a bis 2025 soll dee Budget progressiv op 1.250.000 € gehéicht ginn. Sou soll séchergestallt ginn, datt Lucilin e professionellen Orchester gëtt.[1][2] Domat wär Lucilin den zweete professionellen Ensembel nieft dem OPL.
Memberen
[änneren | Quelltext änneren]Den Ensembel besteet aus follgende Memberen:
- André Pons-Valdès, Gei
- Winnie Cheng, Gei
- Danielle Hennicot, Braatsch
- Olivier Sliepen, Saxophon
- Sophie Deshayes, Flütt
- Max Mausen, Klarinett
- Pascal Meyer, Piano
- Guy Frisch, Perkussioun
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (fr) Websäit vu United Instruments of Lucilin (fr)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lucilin: Lëtzebuerg kritt en zweete professionelle Museksensembel. Gekuckt den 13.Oktober 2021 um Radio 100,7.
- ↑ De Budget 2022, Kultur. Gekuckt den 13. Oktober 2021.
