Université Bordeaux-Montaigne

Vu Wikipedia
Université Bordeaux-Montaigne
(UBM)
Typ franséisch Universitéit
Land Frankräich
Schülerzuel 16.055
  September 2021
Gegrënnt 1971
Um Spaweck http://www.u-bordeaux-montaigne.fr/

D'Université Bordeaux-Montaigne ass eng franséisch Universitéit an der Banlieue vu Bordeaux am Departement Gironde. Si ass eng vun den zwou Universitéiten zu Bordeaux. Hir Haaptfakultéite si Sproochen, Geschicht, Geographie a Konscht. 2008 waren do 14.300 Studenten ageschriwwen. D'Universitéit hat 2011 e Budget vun 86,9 Milliounen Euro.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Universitéit huet hir Originnen an der Université de Bordeaux, déi de 7. Juli 1441 op Uerder vum Poopst Eugène IV gegrënnt gouf. 1793 wärend der franséischer Revolutioun opgeléist, gouf si ënner dem Napoleon Bonaparte nei organiséiert.

1970 ass déi al Universitéit an dräi neier opgedeelt ginn. 1995 ass nach eng véiert derbäikomm. D'Faculté des Lettres krut den Numm Université Bordeaux III an huet sech 1990 nom bekannte franséische Philosoph a Politiker Michel de Montaigne benannt.

2014 huet si am Kontext vun der Fusioun vun den dräi aneren Universitéiten zu Bordeaux zur Université de Bordeaux hiren Numm Université Michel de Montaigne Bordeaux III geännert an hiren aktuellen Numm ugeholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Budget 2011