Universitéit vu Kalifornien (Santa Cruz)

Vu Wikipedia
Universitéit vu Kalifornien
(UCSC)
Typ ëffentlech Bildungsinstitutioun an den USA
Land USA
Schülerzuel 19.494
  September 2019
Ënnersteet der/dem University of California
Gegrënnt 1965
Um Spaweck https://www.ucsc.edu/

D'University of California, Santa Cruz (UCSC) gouf 1965 gegrënnt a gehéiert zu der University of California (UC), engem System vu staatlechen Universitéiten am US-amerikanesche Bundesstaat Kalifornien. De Campus vun der Universitéit ass nordwestlech vun der nordkalifornescher Stad Santa Cruz an ass ronn 800 ha grouss.

Am Hierschtsemester 2005 ware ronn 15.000 Studenten ageschriwwen an et gëtt ongeféier 4.279 Mataarbechter (2003). D'Universitéit ass an 10 College gegliddert an deenen 90 verschidde Studiegäng, dorënner 30 Graduéiertestudiegäng, an de Fachberäicher Konscht, Humanwëssenschaften, Sozialwëssenschaften, Biologie a Physik souwéi Ingenieurwëssenschaften, studéiert kënne ginn.

De Budget vun der Héichschoul war am Joer 2003 407,8 Millioune Dollar.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: University of California, Santa Cruz – Biller, Videoen oder Audiodateien