Universitéit vu Léck

Vu Wikipedia
Universitéit vu Léck
Université de Liège (ULiège)
Typ staatlech Universitéit
Land Belsch
Schülerzuel 25.421
  2018
Gegrënnt 1817
Grënner Wëllem I. vun Holland
Um Spaweck https://www.uliege.be/
D'Universitéit vu Léck 1850

D'Universitéit vu Léck (op Franséisch: Université de Liège, oder kuerz ULiège) ass eng Universitéit an der Belsch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Si gouf 1817 vum hollännesche Kinnek Wëllem I. an d'Liewe geruff, an huet sech op der Plaz vum fréiere Jesuitteklouschter vu Léck installéiert.

Op der Plaz wou d'Kierch stoung huet den Architekt Jean-Noël Chevron e groussen akadeemesche Sall gebaut, mat virdrun engem Portique mat Sailen. De Bau huet vun 1821 bis 1824 gedauert. Bei der Aweiung 1886 gouf anengems eng Statu vum Geolog André Dumont mat ageweit.

Wéi am Joer 1892 d'Universitéit vergréissert gouf, hunn déi nei Gebaier, déi al zur Stroossesäit hi verstoppt.

Haut sinn an deene Gebaier d'Administratioun an déi geeschteswëssenschaftlech Fakultéiten. Déi naturwëssenschaftlech Fächer ginn um Campus Sart Tilman, deen Enn vun den 1960er Joren op engem Bierg südlech vu Léck amenagéiert gouf, enseignéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Universitéit vu Léck – Biller, Videoen oder Audiodateien