Universitéit vun Abertay Dundee

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'University of Abertay Dundee, besser bekannt als Abertay University, ass eng sougenannt New University zu Dundee a Schottland.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'University of Abertay Dundee gouf 1994 gegrënnt wéi den Dundee Institute of Technology, ënner der Legislatioun vum Gouvernement, den Titel 'Universitéit' krut. Deen Institut, dee sech haaptsächlech dorëm gekëmmert huet fir der Aarbechterklass vun Dundee den Accès zur Educatioun ze ginn, gouf 1888 ënner dem Numm Dundee College of Technology gegrënnt.

Akademesche Profil[änneren | Quelltext änneren]

D'Abertay University läit am Zentrum vun Dundee. Et war déi éischt Universitéit weltwäit déi 1997 e Cours a Computerspill-Entwécklung ugebueden huet. Bis haut ass d'Universitéit eng vun deene Beschten an dëser Industrie bliwwen.

De Centre for Excellence ass vu Skillset accreditéiert an huet staark Relatioune mat Partner an de Medien, wéi BBC Scotland, BBC New media, BBC vision, BSkyB, Channel 4, Electronic Arts, Codemasters, Blitz, Rare, Sony Entertainment Europe, Microsoft an Disney Interactive.

D'Universitéit ka mat den eetheschen Hackercourse grouss Fortschrëtter an der Recherche vu Computer- an Internetsécherheet noweisen.

D'Resultater vum leschte 'Research Assessment Exercise' (RAE 2008) weisen datt d'Abertay University déi bescht modern schottesch Universitéit an de Beräicher vun der Ëmwelt-Recherche, dem Droit an der Psychologie ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Universitéit vun Abertay Dundee – Biller, Videoen oder Audiodateien