Unspoken Logic

Vu Wikipedia
Unspoken Logic
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2003
Trennung 2010
Websäit MySpace
ReverbNation
Memberen Fabrice Eusebi (Gesank)
Ronny Kerschen (Gittar & Gesank)
Joe Geartner (Bass)
Tom Welfringer (Gittar)
David Winter (Batterie a Gesank)

Unspoken Logic war eng lëtzebuergesch Metal-Band, déi tëscht 2003 an 2010 existéiert huet.

Bandbiographie[änneren | Quelltext änneren]

Unspoken Logic bei engem Concert

Unspoken Logic gouf 2003 vum David, Tom a Joe zu Suessem beim Joe am Keller gegrënnt. No enger kuerzer Zäit koum de Ronny mat enger 2. Gittar als Verstäerkung an d'Band. Dunn hu si och direkt ugefaangen, hir éischt Stécker ze schreiwen. Si hunn dëse Keller awer séier opginn a sech no bessere Méiglechkeeten ëmgekuckt. Si hunn op Plaze wéi dem Pompjeesschapp zu Suessem an dem Jugendhaus zu Zolwer geprouft. Wärend där Zäit koum, no puer Sängerauswiesselungen, de Fabrice an d'Band an du war Unspoken Logic komplett.

Hir éischt CD "Sunshine between the leaves" hu si am Juli 2006 am Privatstudio vum Ben Klaus (ë. a. Toxkäpp, Benny and the Bugs,) opgeholl an den 31. Mäerz 2007 erausbruecht an zesumme mat der Band Do Androids Dream of Electric Sheep an der däitscher Band Kill Kim Novak op engem Release-Concert zu Wickreng gespillt. D'Release Party war vu Backfisch a.s.b.l. organiséiert. Den Album gouf positiv opgeholl a gouf ënner anerem vum englesche Label Underground Records ernimmt (“after I played this album on Live At Underground, I got a ton of people asking about the band. This is a great band.”) [1]

Am Mäerz 2008 huet Unspoken Logic eng nei Demo a véier Méint méi spéit hiren zweeten Album Nympholepsy erausbruecht, deen am däitsche Studio Ghost City Recordings opgeholl gouf an de 24. Oktober an der Rockhal verëffentlecht gouf.

Unspoken Logic hu sech am August 2010 opgeleist.[1]

Stilrichtung an Aflëss[änneren | Quelltext änneren]

D'Stilrichtung vun der Band kann als eng Mëschung vu Post-Hardcore, Screamo a Metalcore bezeechent ginn. Inspiréiert waren d'Museker Ufanks virun allem vun der Lëtzebuerger Underground Zeen vun den Ufank 2000er, an deenen ënner anerem Bands wéi dEFDUMp, Do Androids Dream of Electric Sheep, Ex-Inferis, Tvesla, Fast Friday an aner Bands aktiv waren. Gruppe wéi Converge, Everytime I Die, The Dillinger Escape Plan, Norma Jean, Asking Alexandria, The Chariot, He is Legend, Within the Ruins oder Daughters zielen zu den Aflëss vun Unspoken Logic.

Cover vun "Sunshine between the leaves

Lëtzebuergesch Gruppe mat deene si gespillt hunn[änneren | Quelltext änneren]

International Bands mat deene si gespillt hunn[änneren | Quelltext änneren]

Converge, The Chariot, The Acacia Strain, Bullet for my Valentine, Rise and Fall, Knight of the Abyss, Annotations of an Autopsy, Escarres, Left Hand Path, L.t. Mosh, Once a Demon, Alarma Man, Aggra Macabra, Mariachi El Bronx, Escapado, Kill Kim Novak.

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

  • 2008: Nympholepsy
  • 2006: Sunshine Between the leaves

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Message op Facebook vum 19. August 2010: "I am here to announce that Unspoken Logic has officially split up."