Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss Ural. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Ural (Homonymie).
Den Ural (Russesch: Урал; Kasachesch: Жайық) ass en 2.428 km laangen eurasesche Floss a Russland an am Kasachstan. No der heefegster Definitioun vun der bannenzeger eurasescher Grenz, mécht en d'Grenz tëscht Europa (westlecht Uwänner) an Asien (ëstlecht Uwänner).