Ursus (Traktersfabréck Polen)

Vu Wikipedia
En Ursus-Trakter C-45

Ursus ass den Numm vun enger polnescher Entreprise, déi am Warschauer Quartier Ursus Traktere baut.

D'Firma, déi 1893 gegrënnt gouf, hat e grousse Succès mat hirem Modell Ursus C 45, engem Nobau vum Lanz Bulldog D 9506. Wéi de Bulldog hat den Ursus en Eenzylinder-Motor mat Gléikapp. De Motor hat en Hubraum vun 10 338 cm³, 32,9 kW (45 PS), an den Trakter konnt tëscht dräi a 16 Kilomter an der Stonn fueren.

Tëscht 1947 an 1955 sinn eng 60.000 Stéck vum C 45 gebaut ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ursus vehicles – Biller, Videoen oder Audiodateien