Benotzer Diskussioun:Kaffi

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 00:06, 13 Oktober 2005 (UTC)

Gudde Moien. Wann ech liesen, datt een sech zu Wien an zu Oslo opgehalen huet, dat komme mer natierlech Froen an de Kapp. Eis Artikele jäitzen no Fotoen. Hues du der iwwer den Edvard Munch: Iwwer de Musée, vun engem Monument fir de Mann, oder eppes wat mat deem ze dinn huet? Oder aner Fotoen, déi sech "hei" net gutt maache loossen. Dann natierlech iwwer de Grieg. Bei Wien ass et d'selwecht, awer do ginn et Dausende vun Themen. Wa mer do déi richteg Fotoen hätten ...... Merci am Viraus. --Cornischong 08:04, 2 November 2005 (UTC)

Redirecten[Quelltext änneren]

An dësem Fall wëlls de jo hunn, datt an Zukunft "UNO" soll op "Vereente Natiounen" weidergeleet ginn. Dann tipps de "UNO" an d'"sichen"-Këscht an, d'Wiki wëll der dann en neien Artikel opmaachen. Du schreifs awer an d'Textkëscht: "#" (Alt+35) an dann "REDIRECT:" an dann tëscht duebel Crocheten den Numm vum Artikel, op deen se de Redirect bezitt, an dësem Fall "Vereente Natiounen". Ofspäicheren a fäerdeg ass de Lack. :-) --Cornischong 00:56, 9 Januar 2006 (UTC)

An:Lee däi Kapp a Rou, dat brauch alles seng Zäit. --Cornischong 00:58, 9 Januar 2006 (UTC)

"Nordesch" ass ganz an der Rei. Den Treema kënnt jo net op en "e" an enger ONbetounter Silb. -- Alles an der Rei! :-) --Cornischong 23:57, 23 Januar 2006 (UTC)

Gudde Moien. Lo hues de mech drukritt; ech hunn ëmer gesot: "Keen Artikel ouni Fotoen" Beim Kola-Artikel kann ech mer net gutt virstellen, wou mer kéinten un eng Foto kommen :-) --Cornischong 02:40, 25 Januar 2006 (UTC)

Jo, hat och laang no Fotoe gesicht ... mee wéi et schéngt ass Kola wuel eng vun deene wéinege Flecke wou mer nach kee Lëtzebuerger setzen hunn ;-) Kaffi 07:42, 25 Januar 2006 (UTC)

Pudicitia: Dat schéingt mer eng mysteriéis Affär ze sinn. An der E. Britannica an an der E. Universalis fannen ech iwwer déi Gëttin näischt. Just meng "Encyclopaedia of gods" vun engem Michael Jordan fannen ech se ënner "Pudicita" (!!) mat e puer Wuert Kommentar. Am Artikel an der de-Wiki trauen se sech emol net, vun enger Gëttin ze schreiwen. Gegoogelt hunn ech nach net. Klär mech op. --Cornischong 00:54, 6 Februar 2006 (UTC)

Firwat d'Pudicitia anscheinend heiandsdo och Pudicita geschriwwe gëtt, kann ech net soen. Tatsaach ass datt sech hire Numm op mannst op de Mënzen als Pudicitia schreift. [1] Datt awer säitelaang Exposéen iwwert d'Gëttin net esou einfach opzedreiwe sinn, hängt domat zesummen, datt se nëmmen eng kleng Niewegëttin war (wéi och déi aner Réimer déi ech hei eragestallt hunn; meeschtens fungéieren se och nëmmen als Patréiner -ech si mer dowéinst och net ganz secher op dat mat de Skizzen hei esou vill Wäert huet). D'Pudicitia gehéiert dann och nach zu deenen, déi haaptsächlech d'Funktioun haten e Wäert resp. eng Eegeschaft ze verkierperen an doduerch och keng weider groussarteg Biographie opweises huet. Weider (kuerz) Info fënns de hei: [2] [3] an hei [4]. Iwwer d'pudicita an d'Roll vun der Fra zu Roum [5]

Wat de-wiki ubelaangt, sou ginn ech dovun aus, datt se den Text integral aus dem Meyers Konversations-Lexikon aus dem 1890er Joer geholl hunn an d'Saach och dobäi beloos hunn.

Dat anert Gëttergedeesems kucken ech demnächst an enger Biblio nach eng kéier méi genau no ... Ils sont fous ces Romains! Kaffi 07:38, 6 Februar 2006 (UTC)

Bei verschiddenen Theme gëtt et effektiv net zevill ze soen, mee als hoffnungslosen Optimist hat ech alt den Hoffes (opgepasst: Oxymoron :)), datt op d'mannst op laang Siicht bäi deen ee Saz vläicht nach en zweeten oder drëtten oder eng Photo derbäikéim, wat dee Moment bäi esou klenge Sujeten sécher duergeet datt et keng Skizz méi ass. --Otets 09:20, 6 Februar 2006 (UTC)

Merci Kaffi :-) Iwwregens bréngt dat mech erëm op eng al Fro: Misst den Artikel net eigentlech "Mus" heeschen, oder "Musen", op lëtz. seet dach keen "Muse"? Myriam 00:15, 11 Februar 2006 (UTC)

Tipp topp, dann hu mer lo eis Wantersportlerequippe komplett. Ech kann der do leider guer net hëllefen. Mee wan et an der Gielercherskëscht rabbelt, da kriss de méi Matarial wéi s de brauchs --Cornischong 00:27, 15 Februar 2006 (UTC)


Olympia ...[Quelltext änneren]

Uuuppsss Pardon! Ech hat dat net matkritt. Ech machen elo eng Paus da kanns du e bessen drakniwwelen :-) --Alexandra 11:02, 27 Februar 2006 (UTC)

Gëtter[Quelltext änneren]

Salut, ech gesinn du hues schonn eng Viraarbecht geleescht bei de réimesche Gëtter. Sollte mer eis do net emol kuerzschléissen? Obwue: et gesäit den Ament net esou aus wéi wann ech mat de Griichen esou séier fäerdeg wier. Dat ass eng Geschicht ouni Enn ... Myriam 00:47, 2 Mäerz 2006 (UTC)

Käerjeng[Quelltext änneren]

Salut. Selbstverständelch wollt ech déi "aner" Sätz net eraushuelen!! Ech stelle mer awer munnech Froen: Ech si mer ganz sécher, datt ech just dee Saz mat der "erfindung" markéiert hat!! Am "Aphrodite"-Artikel war schonns esou eppes virkomm. Net datt ech elo d' "Schold" wëll verdeelen, mee beim Aphrodite war eppe s ganz komesches lass, a kuerz drop hunn d'Servere geckeg gespillt. Mee gutt datt s de mer et gesot hues. Ech war den Owend am Zäitdrock, an ech hat guer näischt gemierkt, an ech wollt jo de Sevy01 net fäertendoen. --Cornischong 20:12, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Do muss ech dem Cornischong Recht ginn, do ass eppes verschwonn, wat guer net sollt ewech kommen, mee de Cornischong huet dat erëm zréckgeréckelt. Do schénge verschidde Problemer den Ament ze sinn. Myriam 22:22, 9 Mäerz 2006 (UTC)
Ass jo och net weider schlëmm, ech wollt beileiwen kengem ënnerstellen dat express gemaach ze hunn! War mer just zoufälleg opgefall a sinn dovun ausgaang datt beim Edit e puer Sätz onfräiwelleg ënnert Rieder komm sinn. D'Wiki-Serveren schéngen effektiv ellen ze leiden zënter d'lb esou urappt :-) Kaffi 23:03, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Ma nee, wéisou soll ech béis sinn? Ech "kämpfe" lo scho relativ laang mat de Griichen, an dat gëtt keen Enn. Ech hat mer am Ufank och virgestallt: lo mëchs de mol d'Griiche fäerdeg, da fänks de d'Réimer unn, an da mechs de villäicht nach d'Kelten, oder d'Egypter, asw. Mee wäit dovunn. Ech hu mech an der Zäit emol vill fir d'Mythologie allgemeng intresséiert, mee datt dat hei esou en Ëmfang hëllt hätt ech net geduecht. Dat kascht mech méi Zäit wéi ugangs ugeholl. Also: keng Panik :-)) Myriam 23:18, 9 Mäerz 2006 (UTC)

Moien. Däi Jamper (bei de Virnimm) ass eng Form vum "Jean-Pierre" :-) --Cornischong 03:37, 18 Mäerz 2006 (UTC)

Gudde Mëtteg. Du schreifs "Extremadura) an net a Portugal (Estremadura) gestuerwen" Wann ech dech richteg verstanen hunn, da gees de dervun aus, datt "Extremadura" a Spuenien an d' "Estremadura" a Portugal wier. Meng Britannica zielt mer, datt déi zwou Formen (am Engleschen, natierlech) an der Rei sinn. A meng Encyclopedia Universalis huet eng "Estrémadure espagnole" an eng "Estrémadure portugaise" op Lager. Well mer dem Däitsche méi no sinn an ech keng däitschsproocheg Enzyklopedie hunn (well et keng gëtt) hunn ech am Meyers großer Weltatlas gekuckt an déi zwou Géigende fonnt, allenzwou ënner "Estremadura". De Roger Seimetz hat virun e puer Deeg um 100,7 eng Sendung a senger Serie Geschichtsarchiv iwwer de Karel de Fënneften, an deeër ausdrécklech vun Estremadura d'Ried gaangen ass. --Cornischong 11:05, 18 Januar 2007 (UTC)

Well mer jo d'Nimm huelen, déi se "do" gebrauchen (da komme mer laanscht den Zirkus) ginn ech gär mat der d'accord fir d' Comunidad Autónoma de Extremadura "Extremadura" ze nennen. Mee, wéi maache mer et mat der portugisescher? Wéi nennen déi hir? A wéi maache mer et, fir se ausenanerzehalen? --Cornischong 12:08, 18 Januar 2007 (UTC)

Salut
Mat dem Europapokal wier et vläicht gutt eng Säit iwwer Europapokalen am grousse ganzen. D'Fro ass natierlech wéi ëmmer: Wie soll et maachen Les Meloures 11:55, 21 Mäerz 2007 (UTC)

Resalut

Aner Wikien hun der schonn mee dat hëlleft ons net vill weider Europapokal Les Meloures 12:26, 21 Mäerz 2007 (UTC)

Salut
Mer wäerten dat och nach vläicht gemaach kréien. Schéinen Nometteg nach Les Meloures 13:04, 21 Mäerz 2007 (UTC)


Salut Kaffi

Géi mol do kucke w.e.g. User talk:Les Meloures/Test Vläicht kann en dat als Navigatiounsläischt ënner d'Clibb setzen . Les Meloures 15:32, 27 Mäerz 2007 (UTC)

Salut
Tip Top deng Iddi. Et ass en ëmmer Fro wann Iddien opgegraff ginn an da weiderentwéckelt ginn.
Schéi Feierdeeg a schéi Vakanz Les Meloures 23:10, 30 Mäerz 2007 (UTC)

Salut. Wann s de weess, wou den Terrain vum Progrès Nidderkuer ass, da verrot mär et emol. Ech hoffen, du bass zefridde mam Etzella Terrain. --Cornischong 22:32, 15 Mee 2007 (UTC)

Resalut. Fotoe vun ALLEN (!!) Diddelenger Terraien leie prett! Vun der Jeunesse muss ech nach een ze pake kréien, dee mer opspärt. An Déifferdeng ass an Aussiicht. Vum Bartrenger Terrain hunn ech zënter ganz Kuerzem och Biller vum Terrain. Mee déi spillen an enger anerer Sandkaul. Let it rull. Hal mech um Lafenden, wann s de eppes brauchs. --Cornischong 23:18, 15 Mee 2007 (UTC)

Meng Ëntschllegung fier de Rubens. Ech si vun der Molerlëscht (auuser Lëtzebuerg) ausgang, a well an de meeschte Sproochen vu Pierre Paul Rieds ass, hunn ech gemengt, dat géif mier besser gefalen. Am Fong ass et mer awwer egal. Gudd verstaan, ech ginn an deem Fall, wou s Du dat ännerts, dovun aus, dass Du alles vum Pierre Paul iwwerhëlls, sou datt déi zousätzlech Arbecht nëtt ëmsoss ass.--ernmuhl 18:57, 26 Juni 2007 (UTC)

Geheimprojet "Template:Lännerkëscht2"[Quelltext änneren]

Et ass mer opgefall, datt zënter un der Lännerkëscht2 geschafft gëtt, hunn eng Partie Leit zum Deel opgehale mat Artikele schreiwen. Wat stécht hanner deem Projet? An op wat leeft de Projet eraus? Ass eng Verbindung tëscht dem Projet an de Lähmungen? Eng Lännerkëscht hu mer dach schonns. Ass dat eppes Extraes? Gëtt et e Mëttel fir an deene Fäll? All déi Froe stellt sech d' --Cornischong 17:39, 15 Juli 2007 (UTC)

Salut. "awer net méi fir haut ... mee mol kucken" hat gëscht ee mer gezielt. Ech hu gekuckt, mee ..... näischt gesinn. Kënne mer awer haut schonns ufänken, déi Lännerartikelen, déi nach ze schreiwe sinn, ze verlousen? Op eemol schreiwen der zwéin um selwechten Artikel ..... A wat geschitt wa mar nach ee mat enger eegener Lännerkëscht kënnt, oder vläicht zwéin? --Cornischong 22:17, 16 Juli 2007 (UTC)

Käerzenausblosen[Quelltext änneren]

Salut. Wéi ass et mat dengem Optrëtt um Gebuertsdagsiessen? Kuckt och um Stamminet. --Cornischong 09:52, 18 Juli 2007 (UTC)

Lännerkëscht[Quelltext änneren]

Salut Kaffi,

Ech hat elo endlech d'Geleeënheet deng nei Lännerkëscht2 ze testen. Déi fonktionnéiert tip top. Merci am Numm vun der Allgemengheet fir déi vill Aarbecht déis du der domatter gemaach hues. Les Meloures 15:36, 31 Juli 2007 (UTC)

Éierlech gesot hunn ech keng Ahnung dovunner, de Problem ass, mir alleguer net richteg. Ech wollt datt déi blöd Ausklapp-Këscht klappt, an hunn den engleschen CSS-Code eriwwerkopéiert... si hu wuel CommonS mat S gehat, do hunn ech net opgepasst ;) --βρισεισDisk 13:14, 7 August 2007 (UTC)

Ech versti leider net wierklech, wéi déi Kaart funktionéiert, respektiv wat fir eng Valeuren een do muss aginn, fir datt dat klappt. Also wat ëmmer den X an den Y ass :) A wou een deen hirkritt :) --βρισεισDisk 10:03, 15 August 2007 (UTC)

Hmm also wat och ëmmer's de geännert hues, ët mécht meng Tabell futti :) D'Schrëft uewen ass nëmmi fettgedréckt an ët si keng Linne méi tëscht den eenzelnen Abschnitter wann een d'Tabell am Artikel asetzt. --βρισεισDisk 13:22, 15 August 2007 (UTC)

Salut Kaffi,

Nach eng kleng Kaffisboun fir op de Makron vun der Wiki:

Eis Hëllefsäite sinn nach zimmlech eidel. Ech hat wëlles mol eng Säit unzeleeën Wei maachen ech eng Këscht mat e puer einfache Këschtebeispiller an Tabellebeispiller. Wann dat emol bis ugefaangen ass brauch ech vläicht Hëllef wann et u Parserfonktione geet. Mee fir d'éischt géife mol e Puer einfach Saachen drakommen déi ee méi dacks an Artikele ka gebrauchen. Les Meloures 10:15, 21 August 2007 (UTC)

Merci fir déi nei Lännerkescht. Ë ass gutt sou. --ernmuhl 15:59, 21 August 2007 (UTC)

Aus der Usersäit op den Talk getässelt. Les Meloures 19:54, 21 August 2007 (UTC)

Salut. Wéi s de gesäiss (bei de PrintSreen-Biller) hunn ech ënner "Résumé" iwwerhaapt näischt stoen. An dat mam UE7, Opera a Firefox. Dowéinst meng Fro. --Cornischong 01:41, 1 September 2007 (UTC)

Kreatiivt Netwëssen[Quelltext änneren]

Salut. Gutt datt s de Bescheed gesot hues iwwer déi nei "national" Creative Commons. Ouni dech elo wëllen ze péngegen; kéins de eis dat an e puer klore Sätz an engem Artikel erklären. Als Grufti ass et mär net kloer. Merci. --Cornischong 09:38, 18 Oktober 2007 (UTC)

Salut. Abee Merci. Dat ass et! --Cornischong 22:30, 21 Oktober 2007 (UTC)


Salut Kaffi,

Ech hat d'Schrëft an der Këscht méi kleng gemaach, well soss d'Nimm vu verschiddenne Lännner komesch gespléckt sinn. Mat méi enger grousser Schrëft misst dann och d'Këscht méi breet ginn, datt dee Problem aus de Féiss wier. Les Meloures 21:08, 11. Dez 2007 (UTC)

Resalut,

Mat deene Syteemmessage wollte mer mol nach e bësselche warden. E puer Feeler déi bei deem Ëmbau geschitt sinn, goufe schonns redresséiert ouni datt mer d'Leit an der Mediawiki genervt hunn.

Un d'Portal Léck oder Provënz Léck hat ech och schonns geduecht, ech gesinn awer am ganze Kontext mat der Belsch nach aner Boboen déi mol fir d'éischt an d'Rei gesat musse ginn, respektiv opgefëllt ginn, denken awer datt dat an 2 oder 3 Méint iwwer d'Bühn ass. Da kënne mer och vläicht eng dynamesch Gemengekëscht fir d'Belsch Gemenge maachen oder esouguer zwou, eng fir Wallounien an eng fir Flandern, datt net ëmmer sou vill muss ausgefëllt ginn.

Les Meloures 22:07, 11. Dez 2007 (UTC)

Salut, Kee Problem hunn zréckgesat, war esou mat onsem Bureaukrat aus gemaach. Les Meloures 02:14, 5. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Salut. Schéin, datt mer mat de Länner sou lues op e "gréngen Aascht" kommen. Ech hat e scho bal opginn ...... --Cornischong 23:51, 5. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

'Nowend. Ech hu "Käppchen" verwikit a redirigéiert, elo missten se vun alle Säiten hir ze fanne sinn. Zum Ausdrock (deen een effektiv kaum nach héiert): Weess du vläit, wou ech bestätegt fanne kinnt, wat ech just unhuelen; neemlech dass d'Wuert Käppchen dohir kënnt, datt op deenen éischten Timbere just "Käpp" (Portraite vu Groussherzeeg) ze gesi waren? --Zinneke 23:42, 20. Jan. 2008 (UTC)[äntweren]

Eng mat der Kaart[Quelltext änneren]

Ech haat dat tatsächlech net gesinn. Merci :-) Jo, hätt scho wëlles eng Kéier eppes domat ze machen. Mä ech gi meng dann erëm läschen. Zwou brauche mir jo net. --Alexandra 08:24, 13. Mäe 2008 (UTC)

Salut a Merci. Lo si mer mol dee Krätz lass. --Cornischong 00:10, 27. Mäe 2008 (UTC)


Mail do --Alexandra 09:09, 24. Abr 2008 (UTC)