Véieranzwanzeg
| 24 | |
|---|---|
| Véieranzwanzeg | |
|
Eng Hausnummer zu Jerusalem | |
| positiv ganz Zuel, abundant Zuel, gerued Zuel, zesummegesat Zuel, Harshad-Zuel | |
| Virgänger | Dräianzwanzeg |
| Nofollger | Fënnefanzwanzeg |
| Ordinalzuel | véieranzwanzegst |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 2, 3 |
| Deeler | 1, 2, 3, 4, 6, 8, 12, 24 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 2 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | XXIV |
| Binär | 11000 |
| Oktal | 30 |
| Duodezimal | 20 |
| Hexadezimal | 18 |
|
| |
Déi natierlech Zuel Véieranzwanzeg (24) ass d'Nofollgerin vun der Dräianzwanzeg an d'Virgängerin vun der Fënnefanzwanzeg. Et ass eng gerued Zuel.
Mathematik
[änneren | Quelltext änneren]Dat réimescht Zeeche fir d'Véieranzwanzeg ass XXIV.
Et ass keng Primzuel.
D'Véieranzwanzeg ass eng abundant Zuel well d'Zomm vun den Zuelen duerch déi se sech deele léisst, Deeler genannt, méi grouss ass wéi se selwer.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]Den Dag ass a 24 Stonnen agedeelt.
Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Véieranzwanzeg d'Uerdnungszuel vum Chrom.
D'24-Stonne vu Le Mans ass eng Laangstrecken-Autoscourse iwwer 24 Stonnen, déi am Juni (gemenkerhand an der véieranzwanzegster Woch vum Joer) ofgehale gëtt. D'Course gëtt vum Automobile Club de l'Ouest organiséiert a fiert iwwer de Circuit des 24 Heures.
D' Stad Lëtzebuerg ass a 24 Quartieren[1] agedeelt.
Point24 war eng Gratiszeitung zu Lëtzebuerg, déi a bis zu 3 Sproochversiounen tëscht dem 27. November 2007 an dem 21. Dezember 2012[2] erauskomm ass.
De Buschtaf X, respektiv x, ass de véieranzwanzegsten am laténgeschen Alphabet.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Véieranzwanzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr) Les 24 quartiers de la Ville. vdl.lu (2020). Gekuckt den 12.07.2020.
- ↑ Ukënnegung vun der leschter Editioun vum Point24 op www.adada.lu
