Op den Inhalt sprangen

Véiergëtterstee vu Bäerdref

Vu Wikipedia
Véiergëtterstee vu Bäerdref
D'Minerva ënner dem Héichaltor
Typ Véiergëttersteen
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bäerdref
Plaz Kierch Bäerdref
Koordinaten 49°49'15,499"N, 6°20'56,101"O
Längt 1,18 m
Breet 0,85 m
Héicht 1,04 m
Statut Klasséiert Monument

De sougenannte Véiergëtterstee vu Bäerdref ass e wierfelfërmege Sandstee vun ongeféier engem Meter Säitelängt, op deem ronderëm déi réimesch Gëtter Juno, Minerva, Apollo an Herkules an Héichrelief ofgebilt sinn. E steet an der Bäerdrëffer Kierch, abetonéiert am Sockel ënner dem Haaptaltor.

De Véiergëtterstee kënnt warscheinlech aus der Huel Lee, engem Steebroch bei Bäerdref, wou schonn an der Réimerzäit Millesteng gebrach goufen. E war de Sockel vun enger Jupiter-Votivsail, déi um héchste Punkt vun der Géigend opgeriicht gouf, fir e réimeschen Haff (Villa rustica), dee just niewendru louch, ze schützen.

De Bäerdrëffer Véiergëtterstee gouf de 25. Abrëll 2019 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Wéi déi réimesch Gëtter an eng kathoulesch Kierch koumen

[änneren | Quelltext änneren]

Wéi am 15. Joerhonnert eng Kapell zu Bäerdref gebaut gouf, ass de Véiergëtterstee mat integréiert ginn, a gouf ënner den Haaptaltor gesat. D'Juno stoung dobäi, wéi warscheinlech virdrun och, no Osten, wou d'Sonn opgeet.

Am 19. Joerhonnert gouf déi haiteg Parkierch gebaut, an de Stee gouf mat eriwwergeplënnert. Et gouf zwar duerno gekuckt, datt de Steen dee selwechte Wee stoung wéi virdrun, d. h. mam Herkules zu der Entrée hi gedréint. Well d'Kierch selwer awer anescht orientéiert war, war domat déi lescht Erënnerung un déi fréier reliéis Symbolik verschwonnen. Och war de Steen hanner enger Verkleedung "verstoppt".[2]

1957, nodeem d'Kierch zum Deel nei opgebaut war (si war am Zweete Weltkrich duerch Granate beschiedegt ginn) gouf de Steen nach eng Kéier gedréint: elo ass et d'Minerva, déi, vun der Entrée aus gekuckt, op der viischter Säit ass. En ass zanterhier fräi ze gesinn.

Op der viischter Säit vum Mëttelschëff aus gekuckt ass d'Minerva ze gesinn, d'Gëttin vun der Wäisheet. Si huet e Casque op an e Rack mat Falen dran. Hiert ovaalt Schëld stäipt se op en Hausaltor.

Riets donieft gesäit een d'Juno, d'Kinnigin vun de Gëtter. Si huet eng Tunique un, an huet an der lénkser Hand en Zepter, an an der rietser eng Afferschuel, déi s'iwwert en Altor ausschëtt. Riets uewen am Eck ass e symbolesche Pohunn.

Déi hënnescht Säit weist den Apollo, de Gott vun der Luucht, mä och vun der Lyrik an der Musek. Hien huet an der rietser Hand e Bou, a stäipt sech mat der lénkser op eng Leier. Zu senge Féiss läit e Réi.

Op der lénkser Säit schliisslech ass den Herkules ofgebilt, mat engem Léiwepelz un an enger Keel. Hie symboliséiert d'Kraaft an d'Dugend.

De Bäerdrëffer Véiergëttersteen ënnerscheet sech vun anere Véiergëttersteng doduerch, datt soss bal ëmmer de Merkur amplaz, wéi hei, den Apollo ze gesinn ass.

Och ass et e raart Beispill vun Ofbildunge vu réimesche Gottheeten, déi uechter d'Joerhonnerten an enger chrëschtlecher Kierch 'iwwerlieft' hunn.

Commons: Véiergëtterstee vu Bäerdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 24. Mäerz 2025).
  2. Archive copy Archivéiert de(n) 20.10.2007. Gekuckt de(n) 22.01.2009.