Véimaartthermen

Vu Wikipedia
Dësen Tourismusartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Am ënnerierdeschen Deel

D'Véimaartthermen um Tréierer Véimaart sinn déi eelst vun den dräi Tréierer Thermen aus réimescher Zäit. Mat enger Gréisst vun 82 × 102 m hate si verschidden temporéiert Basengen, eenzel Bidden, Hëtzsystemer an Nieweraim opweises.

Op engem réimesche Wunnquartier aus dem 1. Joerhonnert sinn d'Véimaartthermen entstanen. Mënz- a Keramikobjeten, déi fonnt gi sinn, bezeien, datt d'Anlag bis wäit an 4. Joerhonnert era benotzt gouf. Am Mëttelalter gouf d'Gemaier als Steebroch benotzt an huet u Substanz verluer. Spéider am 17. an 18. Joerhonnert gouf Kapuzinerklouschter op dëser Plaz opgeriicht, dat mat de meterdécke réimesche Fëllementer am Buedem a Beréierung koum.

D'Véimaartthermen sinn eréischt viru kuerzem entdeckt ginn, wéi een 1987 bei engem Bauprojet vun engem ënnerierdesche Parking zoufälleg op d'Iwwerreschter gestouss ass. Bis 1994 sinn doropshi vum Rhäinesche Landesmusée Ausgruewunge gemaach ginn. Zanter 1998 sinn déi zum Deel ënnerierdesch Bieder an engem Glashaus vum Kölner Architekt Ungers an der sougenannter Ungers-Vitrine um Véimaart ze bewonneren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Roman baths at the Viehmarkt in Trier – Biller, Videoen oder Audiodateien