Armeenesche Vëlkermuerd

Vu Wikipedia
Deportatioun vun Armeenier duerch osmanesch Zaldoten aus Harput (Abrëll 1915)
Deportatiounsrouten, Fluchtweeër a Konzentratiounsplazen (1915 bis 1917)
Mënschlech Iwwerreschter nom Massaker zu Erzingan

Den armeenesche Vëlkermuerd geschouch wärend dem Éischte Weltkrich vun Abrëll 1915 bis Juli 1916,[1] ënner der Verantwortung an Organisatioun vun der jongtierkescher Regierung vum Osmanesche Räich.

Zwee Drëttel[2] vun den Armeenier déi um Gebitt vun der haiteger Tierkei gelieft hunn, geschaten 1 - 1,5 Milliounen,[3] goufen Affer vu systematescher Exterminatioun, duerch reegelrecht Massakeren,[4] Zwangsaarbecht, an Doudesmärsch ouni Iessen a Gedrénks an d'Syresch Wüst.[5],[6]

Et ass ee vun den éischte moderne Genoziden. D'Ereegnesser, déi vun den Armeenier selwer mam Begrëff Aghet – "Katastroph" bezeechent ginn, sinn duerch ëmfangräicht dokumentarescht Material aus den ënnerschiddlechste Quelle beluecht.[7] Weltwäit erkennen déi meescht Historiker dëse Vëlkermuerd als Tatsaach un,[8] 21 Staate grad wéi d'Europaparlament schwätze kloer vun engem Genozid, Lëtzebuerg huet sech eréischt am Mee 2015 dozou prononcéiert. D'Armeenier gesinn doran en Onrecht dat ni versicht gouf nees guttzemaachen, a si fuerderen zanter Joerzéngten en ugemoosst Gedenken och an der Tierkei. Dogéint bestreiden déi offiziell tierkesch Geschichtsschreiwung an d'Regierung vun der aus dem Osmanesche Räich ervirgaangener Republik Tierkei, datt et iwwerhaapt e Vëlkermuerd gouf. De Sträit ëm d'Unerkennung vum Genozid als historesch Tatsaach (vu Reparatioune guer net ze schwätzen) belaascht bis haut d'Bezéiungen tëscht der Tierkei engersäits, an Armenien souwéi sëllege westleche Staaten anerersäits.[9]

De 6. Mee 2015 huet d'Lëtzebuerger Chamber an der Unanimitéit eng Resolutioun gestëmmt, wou ausdrécklech de Genozid um armeenesche Vollek unerkannt gëtt.[10]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Armeenesche Vëlkermuerd – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Et gouf och nach Massakeren 1917 a souguer 1918, mä et geet do éischter ëm Noleefer vum Genozid an net ëm de komplett organiséierte Genozidprozess vun 1915-1916, cf. Yves Ternon, Les Arméniens, histoire d'un génocide, Le Seuil, Paräis, 1977 (2. Ed. 1996)
  2. Claire Mouradian, L'Arménie, Paräis, Presses Universitaires de France, coll. « Que sais-je ? » (no 851), Mee 1996, 2. Ed. (1. Ed. 1995), 127 p., Kap. 4 (« Les bouleversements de la Première Guerre mondiale: génocide en Anatolie, indépendance au Caucase »), S. 62: "Dans les deux cas, la proportion — les deux tiers de la population — est identique."
  3. Aktestéck 1916-10-04-DE-002 von Radowitz vum 4. Oktober 1916. In: Wolfgang Gust (Hg.): Der Völkermord an den Armeniern 1915/16. Dokumente aus dem Politischen Archiv des deutschen Auswärtigen Amtes, Klampen Verlag, Springe 2005, Säit 519 – Onlinequell
  4. Ottomanesch Zaldoten a Gendaarmen hunn entweeder selwer Exekutioune virgeholl, oder Deportéiert einfach der Gewalt vu bewaffente Brigangen iwwerlooss (virun allem Kurden, déi mat den Armeenier ëm Wunngebitt rivaliséiert hunn), cf. imprescriptible.fr (archivéiert).
  5. Christopher J. Walker, Armenia: The Survival of A Nation, Croom Helm, London 1980, S. 200–203
  6. James Bryce an Arnold Toynbee, The Treatment of Armenians in the Ottoman Empire, 1915–1916: Documents Presented to Viscount Grey of Falloden by Viscount Bryce, Uncensored Edition. Ara Sarafian (ed.) Princeton, New Jersey: Gomidas Institute, 2000
  7. Niall Ferguson, Krieg der Welt. Was ging schief im 20. Jahrhundert? Berlin 2006, S. 257ff.
  8. Rainer Hermann, Wohin geht die türkische Gesellschaft? Kulturkampf in der Türkei, München 2008, S. 221
  9. Seyhan Bayraktar, Politik und Erinnerung: Zwischen Nationalismus und Europäisierung: der Diskurs über den Armeniermord in der Türkei, Bielefeld 2010, S. 180 f. a S. 133–177.
  10. WORT.LU vum 7. Mee: http://www.wort.lu/de/politik/voelkermord-an-armeniern-luxemburger-parlament-stimmt-fuer-anerkennung-554a37a50c88b46a8ce58be8