Vëlospist PC16
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Alternativen Numm | Itinéraire cyclable de la Moyenne-Sûre |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Mëttelsauerpist |
vu(n) | Reisduerf |
op | Kautebaach |
Längt | 71,2 km |
déifste Punkt | Reisduerf |
héchste Punkt | Buerschent |
Land | Lëtzebuerg |
OpenStreetMap | Vëlospist PC16 |
D'Vëlospist PC16, och nach Mëttelsauerpist, offiziell Itinéraire cyclable de la Moyenne-Sûre, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
Streck
[änneren | Quelltext änneren]Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC16 iwwer 71,2 km vu Reisduerf op Kautebaach. Se féiert da laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Reisduerf, Méischtref, Bettenduerf, Gilsdref, Dikrech, Angelduerf, Ettelbréck, Nidderfeelen, Welschent, Buerschent, Giewelsmillen, Konstem a Kautebaach.
Aktuell sinn zwéin Deeler realiséiert:
- vu Reisduerf op Ettelbréck a
- vun Nidderfeelen op d'Giewelsmillen.
Dat sinn am Ganzen 32,60 km[2]. Den déifste Punkt (180,44 m) ass zu Reisduerf (Kiosk) an den héchsten (476,01 m) zu Buerschent (Burewee)[3].
Uschlëss un aner Pisten
[änneren | Quelltext änneren]D'Mëttelsauerpist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
geplangt:
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]Vun der Vëlospist PC16 feelen nach zwéin Deeler: an der Mëtt d'Streck tëscht Ettelbréck an Nidderfeelen an am Norden den Deel vun der Giewelsmille bis op Kautebaach[2].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vëlospist PC16 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'PC16 op der Websäit vun de Ponts et chaussées
- Iwwersiichtkaart mat de Vëlospisten op der Websäit vu ProVelo
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ 2,0 2,1 Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op Geoportail.lu, gekuckt den 10. Juni 2019
- ↑ Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn