Vëlospist PC6
|
| |
|
D'Dräikantonspist bei Schëffleng | |
| Alternativen Numm | Itinéraire cyclable des trois cantons |
|---|---|
| Lëtzebuerger Numm | Dräikantonspist |
| vu(n) | Lénger |
| op | Rëmerschen |
| Längt | 54 km |
| déifste Punkt | Lénger |
| héchste Punkt | Zolwer |
| Land | Lëtzebuerg |
| OpenStreetMap | Vëlospist PC6 |
|
| |
D'Vëlospist PC6, och nach Dräikantonspist, offiziell Itinéraire cyclable des trois cantons, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
Streck
[änneren | Quelltext änneren]D'PC6 ass 54 km laang a féiert vu Lénger op Rëmerschen. Den déifste Punkt (270 m) ass tëscht Péiteng a Lénger an den héchsten (340 m) zu Zolwer.
Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Péiteng, Nidderkäerjeng, Suessem, Zolwer, Éilereng, Esch-Lalleng, Schëffleng, Näerzeng, Beetebuerg, Léiweng, Peppeng, Schlammestee, Uespelt, Munneref, Elveng, Biermereng a Schengen.
Am Norde vun Esch-Uelzecht spléckt se sech an zwee, fir, jee nodeem, de Monnerecher Tipp an d'Industriezon Um Monkeler nërdlech oder südlech, laanscht d'Uelzecht, ze ëmfueren. Tëscht Schëffleng an Näerzeng mécht eng Antenn den Uschloss mat der Vëlospist PC8 zu Keel.
Hir Streck féiert och duerch oder laanscht d'Naturschutzgebitter Am Bauch, Am Puddel, Am Schëfflenger Brill an Dumontshaff.
Uschlëss un aner Pisten
[änneren | Quelltext änneren]D'Dräikantonspist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- Aterpist (PC12) zu Péiteng,
- Pist vun de Minettsvirstied (PC9) zu Suessem,
- Pist vum Roude Buedem (PC8) zu Keel,
- Pist François Faber (PC10) bei Fenneng.
Bemierkungen
[änneren | Quelltext änneren]- D'Beschëlderung besteet just vu Lénger bis op Beetebuerg[2];
- Aktuell hält d'Pist südëstlech vun Uespelt op; d'Streck bis op d'Musel ass nach net festgeluecht[2].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
tëscht Nidderkäerjeng a Suessem
-
tëscht Suessem an Zolwer, am Hannergrond den Zolwerknapp
-
Am Pudel tëscht Esch a Schëffleng
-
laanscht d'A13 an d'Eisebunnsstreck Scheierbësch-Brucherbierg
-
tëscht Beetebuerg an Näerzeng
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Vëlospist PC6 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'PC6 op der Websäit vun de Ponts et chaussées
- Iwwersiichtkaart mat de Vëlospisten op der Websäit vu ProVelo
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ 2,0 2,1 Websäit vu Ponts et chaussées wwer d'PC6 (kuckt um Spaweck); fir d'lescht gekuckt den 8. Juni 2019
