Vëlosstrooss

Vu Wikipedia
D'Schëld E,18a weist den Ufank vun enger Vëlosstrooss zu Lëtzebuerg un.
D'Rue de Bragance, eng vun den éischte Vëlosstroossen zu Lëtzebuerg

Eng Vëlosstrooss ass en Deel vun der ëffentlecher Verkéiersfläch, deen haaptsächlech fir de Vëlosverkéier geduecht, awer net exklusiv derfir reservéiert ass. Vëlosstroosse sinn haaptsächlech fir kleng Gemenge geduecht oder fir urbanistesch Situatiounen déi et net erlaben eng Vëlospist unzeleeën, well et ze enk ass[1].

D'Vëlosstrooss zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gouf de Begrëff vun der Vëlosstrooss am Abrëll 2018 ageféiert[2],[3]. Zu deem Ament war et a béide Richtunge verbueden mat engem motoriséierte Gefier an eng Vëlosstrooss eranzefueren, mat Ausnam vun de Leit déi do wunnen an deenen hire Liwweranten. Déi zoustänneg Gemengeverwaltung konnt den Accès fir motoriséiert Gefierer zäitlech limitéieren oder nëmme fir Gefierer erlaben déi eng speziell Vignette haten.

Mat der Ännerung am Code de la route déi den 31. Dezember 2020 publizéiert gouf[4], ass dës restriktiv Reegelung nees opgehuewe ginn.

Den Ufank an d'Enn vun der Vëlosstrooss si mat de Schëlter E,18a an E,18aa gezeechent. D'Cyclisten däerfen an der Vëlosstrooss déi ganz Breet vun der Strooss benotzen. D'Trajete vun de motoriséierte Gefierer déi do fueren, mussen um kierzte Wee gemaach ginn. D'Chauffere vun dëse Gefierer däerfen aner Gefierer net iwwerhuelen, se däerfen d'Cycliste weeder a Gefor bréngen, nach se behënneren a se musse stoe bleiwe wann et néideg ass.

An der Vëlosstrooss ass et verbueden ze stationéieren, ausser wa speziell Plazen agezeechent sinn[5]. All Gefierer däerfen héchstens mat 30 km/h fueren[6].

Déi éischt Vëlosstroossen sinn de 26. Mäerz 2020 an der Stad Lëtzebuerg opgaangen: an der Eecher Gaass am Pafendall, op der Polvermillen an an der Rue de Bragance zu Hollerech[7],[8].

… an der Belsch[änneren | Quelltext änneren]

An der Belsch gëtt et d'Vëlosstroossen ((nl) Fietsstraat / (fr) Rue cyclable) zanter dem 13. Februar 2012 an zanter dem 4. Dezember 2012 d'Verkéiersschëlter déi den Ufank an d'Enn vun enger Vëlosstrooss markéieren. An de Vëlosstroossen däerfen d'Cyclisten d'ganz Breet vun der Fuerbunn benotzen, wann et e Sens unique an hirer Fuerrichtung ass, respektiv déi riets Hallschent dovun, wann d'Strooss a béide Richtungen op ass. Motoriséiert Gefierer däerfen och an enger Vëlosstrooss fueren, se däerfen awer d'Vëlosfuerer net iwwerhuelen. An de Vëlosstroosse gëllt eng Vitess vu maximal 30 km/h.

… an Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

An Däitschland si Vëlosstroossen ((de) Fahrradstraße) fir d'Cycliste reservéiert. Aner Gefierer däerfen nëmmen do fueren, wou dat speziell mat Zousazschëlter gezeechent ass. Dacks gëtt sou de Verkéier nëmme fir Awunner an hir Liwweranten oder just am Sens unique erlaabt. D'Vitess ass fir all Gefierer op 30 km/h limitéiert. Et ass erlaabt, datt d'Cyclisten niewentenee fueren. D'Chauffere vun de motoriséierte Gefierer mussen hir Vitess eventuell reduzéieren, fir eng Behënnerung oder eng Gefor fir d' Vëlosfuerer z'evitéieren.

… an Éisträich[änneren | Quelltext änneren]

Vëlosstroosse sinn an Éisträich fir de Vëlostrafic reservéiert. Aner Gefierer däerfe Vëlosstroossen am Allgemengen nëmme kräizen oder erafuere fir op- an of ze lueden. All déi Gefierer, déi an eng Foussgängerzon erafueren däerfen, däerfen och an eng Vëlosstrooss eran. D'Cycliste kënnen d'ganz Breet vun der Fuerbunn benotzen. Et gëllt eng Vitess vu maximal 30 km/h.

D'Kuchelauer Hafenstraße zu Wien ass zanter dem Abrëll 2013 déi éischt Vëlosstrooss an Éisträich. Si ass en Deel vum Donauradweg an eng wichteg Vëlospist fir Pendler grad wéi fir de Fräizäitverkéier aus Nidderéisträich. D'Hofjagdstraße war déi zweet Vëlosstrooss déi 2015 zu Wien opgaangen ass.

… a Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

A Frankräich gëtt (nach?) keng Bestëmmung fir Vëlosstroossen am nationale Code de la route. Si sinn awer indirekt méiglech, zanter 2017 de Code de la route sou geännert gouf, datt de Prinzip, méiglechst riets ze fueren, fir Vëloe bannent den Uertschaften net gëllt, wann eng Markéierung op der Strooss hinnen et erlaabt, sech an der Mëtt vun der Fuerbunn ze positionéieren. Zu Stroossbuerg gouf dës Ännerung als Ustouss geholl, fir am Mee 2017, als Test, déi éischt Vélorue z'amenagéieren.[9]

Vëlosstrooss zu Voorschoten an Holland

… an Holland[änneren | Quelltext änneren]

An Holland gëtt et keng gesetzlech Reegelung fir Vëlosstroossen. Se ginn dofir am Kader vun de legale Méiglechkeeten vun de Gemengen an ënnerschiddleche Formen ugeluecht. Am Allgemengen ass et e méi breede Vëloswee mat roudem Asphalt deen an enger Aart a Weis beschëldert ass, datt de motoriséierte Verkéier och do fueren däerf, deen dem Vëlosverkéier awer ënnergeuerdent ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vëlosstroossen – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. / Verkehr in Luxemburg: Fahrradfahrer dürfen jetzt nebeneinander fahren. tageblatt.lu (2018-03-28). Gekuckt de(n) 2021-03-28.
  2. "Rue cyclable : chaussée destinée mais non réservée à la circulation des cycles"
  3. Artikel 2, 1.23bis vum Arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques; ageféiert duerch de Règlement grand-ducal vum 8. Abrëll 2018
  4. Règlement grand-ducal du 19 décembre 2020 modifiant1° l'arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques ;2° le règlement grand-ducal modifié du 26 janvier 2016 relatif à la réception et l'immatriculation des véhicules routiers ;3° le règlement grand-ducal modifié du 8 août 2000 déterminant le contenu de l'instruction préparatoire aux examens du permis de conduire ainsi que l'exercice de la profession d'instructeur de candidats-conducteurs ;4° le règlement grand-ducal modifié du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés, aux consignations pour contrevenants non résidents ainsi qu'aux mesures d'exécution de la législation en matière de mise en fourrière des véhicules et en matière de permis à points. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-31.
  5. Arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955, Artikel 162quinquies
  6. Ibidem, Artikel 139 a bis)
  7. Vëlosweeër: De Reseau fir Vëlosfuerer soll an Zukunft optimiséiert ginn. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-03-27.
  8. Premières « rues cyclables » sur le territoire de la Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2021-03-27.
  9. "Strasbourg continue à innover pour le vélo en inaugurant la première vélorue de France!". op .ibikestrasbourg.com.