Völklinger Hütte
|
| |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Däitschland |
| Gemeng | Völklingen |
| Koordinaten | 49°15'2,2"N, 6°50'43,1"O |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Fläch | 6 ha |
| Statut |
Weltierwen, Monument |
|
| |
D'Völklinger Hütte ass eng fréier Schmelz an der saarlännescher Stad Völklingen. Si gouf 1881 opgeriicht an 1986 zougemaach.
1994 gouf se vun der UNESCO als éischt Industriemonument aus dem Zäitalter vun der Industrialiséierung als Weltkulturierfschaft klasséiert.
Si steet südwestlech vum Zentrum vu Völklingen, direkt nieft der Gare, déi dann och eng wichteg Roll fir d'Personal an d'Marchandisen fir an an aus der Schmelz gespillt huet.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1873 huet de Schmelzeningenieur Julius Buch bei Völklingen op der Saar e Puddel- a Walzwierk gebaut. No sechs Joer huet hien nees missen zoumaachen, well de Betrib wéinst bëllegem Import-Réieisen aus Groussbritannien onrentabel gi war.
1881 hunn d'Bridder Röchling ënner dem Carl Röchling senger Direktioun d'Anlagen iwwerholl an duer Héichiewe gebaut. 1890 waren d'Röchling'sche Eisen- und Stahlwerke de gréisste Produzent vun Eisendunnen an Däitschland.
Ee Joer drop gouf en Thomas-Stolwierk op der Völklinger Hütte opgemaach, dat et erméiglecht huet d'Minett aus dem Loutrengeschen do ze verschaffen. Bis 1963 gouf d'Minett vun do fir d'Eisegewënnung geholl.
1897 gouf déi éischt Koksbatterie direkt nieft den Héichiewen ageriicht, fir mat deem esou gewonnene Koks déi néideg Hëtzt fir den Héichuewen ze gewannen. Dräi Joer drop huet déi éischt Gasgebléismaschinn hire Betrib opgeholl. Vun 1911 bis 1914 gouf d'Schréi gebaut mat de Buggien an engem Seelebunnbetrib, deen d'Minett- a Kokschargen uewen an den Héichuewe gekippt hunn.
1911 koum och fir d'éischt iwwerhaapt eng Dréchegasrengegung an den Asaz, déi déi fest Matièren aus dem Giichtgas erausfiltert. Dono konnt de Gas da geholl gi fir d'Gasgebléismaschinnen unzedreiwen an d'Cowperen an d'Koksbattereien ze erhëtzen. Dës Technik gouf spéiderhin an der ganzer Welt mat Succès agesat.[2]
1913 gouf d' Mëllereishal am Stolbëtong gebaut, fir d'opbereetent Äerz do ze stockéieren.
Wärend dem Éischte Weltkrich hu ronn 1500 russesch Krichsgefaangener, plus Zwangsaarbechter aus Polen, der Belsch, Frankräich an Italien an den Eisen- a Stolwierker vu Röchlings geschafft; 147 sinn der dobäi ëm d'Liewe komm.
Vun 1919 bis 1922 war d'Völklinger Hütte ënner franséischer Sequesterverwaltung.
1928 gouf zu Völklingen eng vun de modernsten a gréisste Sinteranlagen an Europa opgemaach, mat där Offallproduite wéi Giichtstëbs a rengt Äerz recycléiert konnt ginn.
Wärend dem Zweete Weltkrich hunn op der Völklinger Schmelz tëscht 1942 an November 1944 12.393 Männer a Fraen aus alle vun Nazidäitschland besate Gebitter als Krichsgefaangener an Zwangsaarbechter misse schwéier schaffen; 261 vun hinne sinn dobäi gestuerwen.[3]



Nom Zweete Weltkrich gouf d'Völklinger Hütte alt nees eng Kéier ënner franséisch Sequesterverwaltung gestallt.
1952 hat d'Schmlez e Produktiounsrekord, bedéngt duerch déi grouss Nofro vu Stol fir den Erëmopbau vun den zerstéierte Stied an Infrastrukturen. Enn 1956, wéi d'Saarland sech un Däitschland ugeschloss huet, hunn déi al Proprietären, d'Industriellefamill Röchling, d'Schmelz zeréckkritt.
1965 hunn op der Völklinger Hütte am Ganze 17.000 Leit geschafft. 1975, wéi d'Stolkris ausgebrach ass, huet se mat der lëtzebuergescher Arbed fusionéiert a gouf a Stahlwerke Röchling-Burbach GmbH ëmbenannt (de "B" an Arbed steet fir "Burbach", wou de Konzern eng Schmelz hat). 1982 gouf och d'Stolwierk vun Neunkirchen mat integréiert, an d'Arbed Saarstahl GmbH an d'Liewe geruff. Doraus gouf 1986 d'Saarstahl Völklingen GmbH an 1989 d'Saarstahl AG.
De 4. Juli 1986, e puer Deeg virum definitiven Aus, gouf déi ganz Héichuewenanlag ënner Monumentedschutz gestallt.[4]
Ufanks vun den 1990er Jore gouf den industrielle Patrimoine fir de Public opgemaach. Zanterdeem ginn et reegelméisseg kulturell Aktivitéiten um Site, vu Concerte bis Ausstellungen.
1994 huet d'UNESCO d'Réieiseproduktioun vun der Völklinger Hütte zu enger Weltkulturierfschaft proklaméiert. Et sinn dat eng 7,46 Hektar Buedemfläch vum 260 Hektar grousse Völklinger Saarstahl-Areal.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]- Vue vun der Saarstreck aus
- Héichuewen
- Wanderhëtzer
- Monte-charges
- Vue vun der Giichtbün
- Ofstéchhal
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ralf Banken: Die Industrialisierung der Saarregion 1815–1914. Band 2: Take-Off-Phase und Hochindustrialisierung 1850–1914, Franz Steiner Verlag, Stuttgart 1997.
- Lucius Burckhardt, Georg Skalecki, Johann-Peter Lüth: Alte Völklinger Hütte. Photographien Hans Meyer-Veden, Verlag Axel Menges, Stuttgart / London 1997, ISBN 3-930698-28-5.
- Harald Glaser: Auf Schicht und daheim (Hrsg.): Initiative Völklinger Hütte Geschichtswerkstatt Völklingen, 2. Aufl. 2001.
- Initiative Völklinger Hütte (Hrsg.): Die Völklinger Hütte, Sutton Verlag, Erfurt 2008.
- Harald Glaser: Die Völklinger Hütte, Kai Homilius Verlag, Berlin 1997, ISBN 3-931121-38-0.
- Meinrad Maria Grewenig (Hrsg.): Die Völklinger Hütte / fotografiert von Franz Mörscher. Ostfildern-Ruit, 2001 / 1. Aufl., ISBN 978-3-935293-09-9 | Annweiler, 2007 / 2. Aufl., ISBN 978-3-89857-238-5.
- Meinrad Maria Grewenig (Hrsg.): Die Röchlings und die Völklinger Hütte, Annweiler 2014, ISBN 978-3-89857-294-1.
- Meinrad Maria Grewenig (Hrsg.): Zwangsarbeit in der Völklinger Hütte: deutsche und europäische Bezüge. Ringvorlesung mit Beiträgen von Hans-Christian Herrmann, Christian Reuther, Inge Plettenberg, Marcel Brüntrup, Fabian Lemmes und Mark Spoerer, Völklingen 2018, ISBN 978-3-935692-05-2.
- Meinrad Maria Grewenig (Hrsg.): Die Zwangsarbeiter in der Völklinger Hütte im Ersten und im Zweiten Weltkrieg, Esslingen 2018, ISBN 978-3-947563-22-7.
- Inge Plettenberg: Zwangsarbeit in der Völklinger Hütte Weltkulturerbe Völklinger Hütte, Europäisches Zentrum für Kunst und Industriekultur (herausgebendes Organ), Völklingen 2018, ISBN 978-3-935692-04-5.
- Weltkulturerbe Völklinger Hütte – Europäisches Zentrum für Kunst und Industriekultur (herausgebendes Organ): Christian Boltanski. Die Zwangsarbeiter – Erinnerungsort in der Völklinger Hütte | Erinnerungen, Souvenirs, Memories, Esslingen 2018, ISBN 978-3-947563-27-2.
- Hubert Kesternich: Aufstieg und Wandel. 140 Jahre Völklinger Hütte.
- Band 1: 1873–1945. Blattlaus Verlag, Saarbrücken 2015, ISBN 978-3-930771-91-2.
- Band 2: 1945–1975. Blattlaus Verlag, Saarbrücken 2019, ISBN 978-3-945996-26-3.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Völklinger Hütte – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit
- Völklingen im Wandel: Informationen zu der Völklinger Hütte
- Initiative Völklinger Hütte
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Alter Bahnhof Völklingen (PDF; 820 kB), abgerufen am 22. Februar 2012
- ↑ |"Weltkulturerbe Völklinger Hütte: Trockengasreinigung." voelklinger-huette.org, nogekuckt 04.09.2022.
- ↑ Meinrad Maria Grewenig: Die Zwangsarbeiter in der Völklinger Hütte im Ersten Weltkrieg und im Zweiten Weltkrieg. Edition Cantz, Esslingen 2018. ISBN 978-3-947563-22-7
- ↑ Norbert Mendgen: [http://journals.ub.uni-heidelberg.de/index.php/icomoshefte/article/view/19769 2Präventives Monitoring Völklinger Hütte. ICOMO Hefte, 10.11588/IH.2013.3.19769.
