V.I.C

Vu Wikipedia

De Vic Bové, besser bekannt ënner dem Numm V.I.C, ass e lëtzebuergesche Rapper vu Mamer.[1] Hien ass och Member vun der Ska-Band Los Dueños.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

De Vic Bové huet 2010 d'Ska-Band Los Dueños matgegrënnt, déi 2013 eng eponym EP verëffentlech huet. Där hiren Extrait Chemin Prédestiné hat e gewësse Succès. 2015 ass den Album Les moutons noirs erauskomm, vun deem d'Lidd Holly ausgekoppelt gouf.

Als Solorapper huet de V.I.C. 2018 d'Lidd Ouni Plang erausbruecht, dat vum Beatmaker CruxCuts produzéiert gouf, an d'Joer drop d'Kollaboratioun Am Réckbléck mam Maka Mc.

2019 huet hien als Deel vum Kollektiv Pachamama Family, deen 2018 gegrënnt gouf, d'EP Epocalypse opgeholl. Op där gi sozialkritesch Sujeten an Ëmwelttheme behandelt.[1] De Videoclip vum Lidd Ocean gouf an der englescher Stad Devon gedréint.[1] E vun de Partner bei der Produktioun vun där EP war d'ONG Frères des Hommes.[2] An Zesummenaarbecht mat enger anerer ONG, SOS Faim, gouf 2020 een anere Clip produzéiert, Gimme More, iwwer Liewensmëttelverschwendung an Junkfood.[3]

De 26. Februar 2021 ass dem V.I.C säin Debutalbum Bic Up op de Maart komm, aus deem d'Lidder Reimkickkonscht a Bic & Blat ausgekoppelt goufen. Den Album gouf vum Danny Epstein (als The Fuza Beat Prod.) produzéiert.[4]

Am September 2021 ass dunn och nach den Album Oneness vum Kollektiv Pachamama Family erauskomm.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Album[änneren | Quelltext änneren]

  • 2021: Bic Up

Lidder (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2018: Ouni Plang
  • 2019: Am Réckbléck (feat. Maka MC)
  • 2021: Reimkickkonscht
  • 2021: Bic & Blat

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 tageblatt.lu: Multilingualer Luxemburg-Hip-Hop: EP-Release der Pachamama Family (30- September 2019)
  2. kulturfabrik.lu: Pachamama Family – Oneness release-party Covidcheck concert (2021)
  3. sosfaim.lu: Clip musical “GIMME MORE” par Pachamama Family (net datéiert)
  4. culture.lu: De Skibi iwwer Onofhängegkeet an Image-Rapper vum Nicolas Calmes (21. Februar 2022)