Vaira Vīķe-Freiberga

Vu Wikipedia
Vaira Vīķe-Freiberga
Gebuer 1. Dezember 1937
Rīga
Nationalitéit Lettland
Educatioun Universitéit vun Toronto
Aktivitéit Politiker, Psycholog, Universitéitsprofesser
Partei keng

D'Vaira Vīķe-Freiberga, gebuer den 1. Dezember 1937 zu Riga, war vun 1999 bis 2007 Presidentin vun der Republik Lettland.

1944 ass d'Vaira Vīķe-Freiberga mat hiren Elteren ë. a. an Däitschland, Marokko a Kanada geflücht. Do huet si op der Universitéit vun Toronto an op der McGill-Universitéit studéiert a gouf 1965 a Psychologie promovéiert.

Vun 1965 bis 1998 huet si als Professesch fir Psychologie op der Universitéit vu Montréal enseignéiert.

1998 goung si hannescht a Lettland a gouf Direktesch vum Letteschen Institut, dat Lettland am Ausland méi bekannt sollt maachen. Dat Joer drop gouf si als Nofollgerin vum Guntis Ulmanis zur Presidentin dvun er Republik Lettland gewielt. 2003 gouf si vum Parlament fir en zweet Mandat, bis 2007, gewielt. Den 8. Juli 2007 gouf si vun hirem Nofollger Valdis Zatlers ofgeléist.

D'Vaira Vīķe-Freiberga ass mam Informatiksprofesser Imants Freibergs bestuet a Mamm vun zwee Kanner.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Vaira Vike-Freiberga (ed.): Linguistics and poetics of Latvian folk songs: essays in honour of the sesquicentennial of the birth of Kr. Barons (= McGill Queen's studies in ethnic history; 4). Kingston [u.a.]: McGill-Queen's Univ. Press 1989. ISBN 0-7735-0661-6.
  • Vaira Vīķe-Freiberga: Dzintara kalnā: apceres par latviešu tautasdziesmām. Rīga: Zvaigzne 1993. ISBN 5-405-00949-0. (Buch über lettische Volkslieder, lettisch)
  • Vaira Vīķe-Freiberga: Trejādas saules, hronoloģiskā saule. Rīga: Karogs 1999. ISBN 9984-505-52-9.
  • Vaira Vīķe-Freiberga: Saules zīme. Rīga: Nordik 1999. ISBN 9984-675-08-4.
  • Vaira Vike-Freiberga: Latvia’s place in a new Europe. in: European Essay, 13/2000.
  • Vaira Vike-Freiberga: Die Republik Lettland und das Land Nordrhein-Westfalen - Partner in einem vereinten Europa. in: Industrieclub Düsseldorf, Heft 15/2001.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ausma Cimdiņa: In the name of freedom: President of Latvia Vaira Vīķe-Freiberga. A biography. Rīga: Jumava 2003. ISBN 9984-05-685-6.
  • Nadine Vitols Dixon: Le parcours d'une vie: Vaira Vīķe-Freiberga, Présidente de Lettonie. Rīga: Pētergailis 2005. ISBN 9984-33-141-5.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vaira Vīķe-Freiberga – Biller, Videoen oder Audiodateien