Valère Gustin

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Valère Gustin gebuer den 21. Abrëll 1924 zu Verlaine, an der Hesbaye ass e belsche Moler, a fréiere Galerist deen haaptsächlech surrealistesch Biller moolt. Hie schafft a wunnt zu Léck an der Rue de Sélys.

De Valère Gustin huet seng Primärschoul zu Verlaine gemaach wou säi Papp Schouldirekter war. Seng Mamm huet als Privatléierin an de Schlässer an der Noperschaft vu Verlaine Stonne ginn.

Hien hat d'Molerei am Blutt. Vun der Lee an der Primärschoul, iwwer seng Hefter spéider am Lycée déi e voll gemoolt huet, an haut nach a sengem private Courrier, kann hien et net loosse fir Illustratiounen dobäizepraffen.

Säi Sekundärstudium huet hien am Kolléisch zu Huy gemaach, an et huet en op d'Académie des Beaux Arts gezunn. Well seng Elteren drop gehalen hunn, datt hie sollt e Studium maachen dat em méi eng sécher finanziell Situatioun sollt eméiglechen huet hie sech op der Lécker Uni als Veterinärstudent agedro. Als Student huet hie sech séier un de Lécker Folklor gewinnt, a Karikature gemoolt, eng Molerei déi en an de Krichzäiten zesumme mat senge Schoulkollegen dem Charles Burton a Pierre Davister zum Ierger vun den däitsche Besatzer gemaach huet. Déi Dräi haten hir Krichsnimm; Chabu fir de Charles Burton, Davi fir de Pierre Davister, an d'Agu fir de Valère Gustin, en Numm mat deem hie vill Biller gezeechent huet.

1944 gouf hie Member vun der belscher Resistenz. Bei enger Razzia an der Géigend vu Verlaine, gouf seng Grupp an de Bëscher bei Vyle-Tharoul vun der Gestapo entdeckt. En etlech konnten net fortkommen an hunn hiert d'Liwe gelooss. De Valère deen e Schoss an de Fouss kritt hat, war an e Putsch Far gefall, a gouf net entdeckt. Soubal wéi no der Invasioun vun den Alliéierten, déi éischt Truppen op belschem Buedem waren, huet hie sech fräiwëlleg bei d'Arméi gemellt, an huet an der Arméi vum Patton fir säi Land gekämpft.

Nom Krich konnt hie säi Studium fir Véidokter net weiderféieren, well zu Léck nach keng Course gehale goufen, an och Veterinärschoul vu Cureghem hat hir Diere wéinst dem Krich zougemaach. Sou koum et datt hie sech op der Université coloniale d'Anvers ageschriwwen huet, wou hien e Studium als Geolog a Geometer gemaach huet. Et war déi Zäit, wéi e seng spéider Fra d'Andrée Verdin kennegléiert huet. D'Koppel huet sech 1950 an Afrika bestuet well de Valère Gustin vun der Société Géomine 1949 an de Katanga als Personaldirekter geschéckt gouf. Aus där Zäit sinn eng grouss Zuel Bréiwer u seng spéider Fra erhalen, déi hien all mat Zeechnunge vu Planzen, Déieren oder Insekten, déi hien an Afrika fonnt huet, illustréiert huet. Aus där Zàit gëtt et en etlech Biller déi hie vun Tutsifrae gomoolt huet, déi staark un de Stil vum Modigliani erënneren.

An Afrika huet hie sech vun de stiliséierte Masken inspiréiere gelooss, a vun de strikte geometresche Gravuren op den Toungeschirer. E groussen Dréi a senger Molerei koum wéi hien 1958 op der Weltausstellung zu Bréissel am amerikanesche Pavillon déi modern Zeechnunge vum Hopper, Sloan a Guston gesinn huet. D'Biller vun der Mary Cassatt hunn hien och staark beandrockt, an en huet e groussen Intressi fir de Pop-Art entwéckelt.

Wéinst der ongemittlecher Situatioun am Kongo ass hien 1959 eleng zréck an Afrika gaangen, seng Fra déi mam Kand an der Belsch bliwwen ass, huet zu Jemeppe e Kleederbuttek opgemaach. 1961 kënnt de Valère aus dem Kongo zréck fir ni méi dohin zréck ze goen. Seng Fra an hie maachen en zweet Kleedergeschäft zu Léck an der Rue Charles Magnette op. De Valère fänkt u fir sech fir d'Moud ze begeeschteren, besonnesch d'Foularde vu Saint-Laurent haten him et ugedoen. Hie fänkt déi Zäit e Studium op der Universitéit vu Léck un, wou e Konschtgeschicht an Archeologie studéiert. Et ass eréischt Enn der 60er Jore wou hien ufänkt surrealistesch Biller zu Molen. Seng Bekanntschaft mam Magritte a mam Delvaux huet him d'Dieren opgemaach fir an de Groupe des Surréalistes Wallons opgeholl ze ginn.

Als Frënd vum Aubin Pasque a Richard Dandoy gouf hie Member vun hirem Club de fantasmagie, an huet gehollef hir Revue mat demselwechten Numm z'illustréieren.

1973 huet hien an der Rue Bonne Fortune d'Galerie Valère Gustin opgemaach, an där nieft grousse Moler wéi de Mambour, Scauflaire a Marcel Caron, och vill onbekannt jonk Moler eng Plaz fonnt hu fir auszestellen. Just een hat ni eng Plaz fonnt fir Biller a senger Galerie ze presentéieren, an dat war hie selwer.

Als iwwer 80 Joer ale Moler huet en ugefaangen op Holz ze molen. Dat war fir hien eng nei Erausfuerderung. No sengen eegenen Aussoen um Vernissage vun enger Ausstellung am Februar zu Tilff am Bistrot-Galerie vum Pierre Renoy sot hien: S'il n'y avait pas de difficultés à surmontér, la peinture ne m'amuserait plus.

Op d'Fro firwat en ni Landschafte gemoolt huet, seet hien datt hie gäre seng Fantasie géif spille loossen, an dat wier fir hie méi einfach bei Persoune wéi bei Landschaften.

Am Géigesaz zu de meeschte Moler, déi gären am hellen Dag bei guddem Liicht molen, ass de Valère Gustin en Nuetsmënsch. Fir hien huet dat kënschtlecht Liicht de Virdeel datt et net ännert.

Well de Valère Gustin zanter senger Jugend fir de Lécker Folklore begeeschtert war, war et selbsverständlech datt hien ee vun de Matgrënner vum Prix Tchantchès et Nanesse gouf, deen all Joer un zwéin Artisten, Auteuren, oder soss Persounen déi e Verdéngscht ëm d'Konscht oder de Folklore zu Léck hunn, vergi gëtt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Béchet, Achille & Béchet, Christine; Les surréalistes Wallons (1987).

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Donnéeë vun dësem Artikel goufen zesummegestallt op Basis vun engem Gespréich vum Les Meloures mam Artist den 8. Mäerz 2009.