Valérie Schafer

Vu Wikipedia
Valérie Schafer
Gebuer 14. Dezember 1976
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Sorbonne – Paris IV,
Sorbonne – Paris IV
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser, Fuerscher

D'Valérie Schafer, gebuer de 14. Dezember 1976, ass eng franséisch Historikerin.

Nodeems si Chargée de recherche am Institut des sciences de la communication vum CNRS war, ass si zanter 2018 Professorin fir zäitgenëssesch Geschicht op der Uni Lëtzebuerg.[1]

Si ass an der Computergeschicht, sou wéi an der Geschicht vun Datennetzwierker an Telekommunikatioun spezialiséiert. Si interesséiert sech haaptsächlech fir d'Geschicht vum Internet a vum Web a fir d'Geschicht vun den europäeschen Digitalkulturen an -infrastrukturen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Valérie Schafer. C2DH | Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History. Gekuckt de(n) 2022-09-27.