Valkenburg aan de Geul

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Valkenburg aan de Geul
Valkenburg aan de Geul wapen.svg
Gemeentehuis Valkenburg aan de Geul.JPG
Land Holland
Provënz Flag of Limburg (Netherlands).svg Limburg
Gemeng Provënz Limburg
Awunner 16.470 (1 Januar 2019)
Fläch 36,91 km²
Koordinaten 50°51'0"N, 5°50'0"O
Telefonszon 043
Websäit http://www.valkenburg.nl/
Map - NL - Municipality code 0994 (2009).svg

Valkenburg aan de Geul ass eng Gemeng am Südoste vun Holland an der Provënz Limburg. D'Gemeng Valkenburg besteet aus den Uertschaften Valkenburg, Berg en Terblijt, Geulhem, Houthem, IJzeren, Oud-Valkenburg, Schin op Geul, Sibbe, Vilt, Walem.

D'Gemeng läit am Dall vun der Geul an op de Koppe ronderëm verspreet. Duech seng Lag an der eenzeger koppeger Géigend vun Holland, an duerch d'Bëscher déi ronderëm leien war Valkenburg an de 70er an 80er Jore vum Massentourismus iwwerlaaf, dee vun de ville Campingen a Jugendinstallatioune profitéiert huet.

Der Gemeng hiert Zil ass awer fir méi a Richtung vun der Erhuelung ze schaffen a senge Visiteuren, roueg Fräizätaktivitéieten, wéi Vëlostier (haaptsächlech Mountainbike), an Trëppeltier an de Bëscher unzebidden.

D'Gemeng mat ronn 18.000 Awunner rechent all Joer mé wéi eng Millioun Iwwernuechtungen zesummen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Sint-Gerlachus Kapell zu Houthem. Et ass dat eenzegt reliéist Gebai a ganz Holland mat Fresken déi op Mergel gemoolt sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Valkenburg aan de Geul – Biller, Videoen oder Audiodateien