Valmy

Vu Wikipedia
Valmy
Vue op Valmy

Vue op Valmy
Vue op Valmy
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Sainte-Menehould
Kanton Argonne Suippe et Vesle
Postcode 51800
Gemengecode 51588
Koordinaten 49° 05’ 07’’ N
      04° 46’ 28’’ O
Fläch  2 428 ha
Bevëlkerung  284 (1999)
D'Monument vum Generol Kellermann
Schrëft um Obelisk beim Monument vum Kellermann

Valmy ass eng franséisch Gemeng am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est.

Valmy läit an enger Géigend mat klenge Koppen, ronn 12 km westlech vu Sainte-Menehould, an huet de Charakter vun engem Bauerenduerf.

Queesch duerch den Territoire vun der Gemeng leeft d'Autobunn A4.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Den 20. September 1792 war bei Valmy déi sougenannt Schluecht vu Valmy tëscht franséische republikaneschen Truppen an de Koalitiounstruppen aus Preisen, Éisträich an Hessen. Dës Schluecht, déi sech an enger besserer Kanonad resüméiert huet, gouf vun de Fransousen ënner dem Kommando vun de Genereel Kellermann an Dumouriez gewonnen, wat mat sech bruecht huet, datt den Dag duerno a Frankräich d'Republik proklaméiert gouf.

Valmy war och den Numm vun enger vun den éischte franséische Resistenzgruppen dee vum Raymond Burgard an dem René Iché 1940 gegrënnt gouf.

Am Zweete Weltkrich hunn zu Valmy, dat un der Voie de la Liberté läit, den 30. August 1944, amerikanesch Truppen déi lescht Zaldote vun der Wehrmacht aus der Géigend verdriwwen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Eng grouss Statu vum Kellermann gouf, net wäit vun der Plaz wou Schluecht war, opgeriicht. Virun der Statu steet en Obelisk, an deem d'Häerz vum Kellerman begruewen ass, well hie sech gewënscht hat bei sengen Zaldote begruewen ze ginn. Eng 200 Meter westlech vun der Statu steet eng Kapell, déi d'Urenkelkand vum Generol, d'Prinzessin Ginetti opriichte gelooss hat. Hir Donen haten et erlaabt fir d'Plaz zur Erënnerung un de Kellerman z'amenagéieren, an hiert Häerz gëtt an der Kapell versuergt.
Ëm d'Monument mat der Statu sinn 12 Kanoune verdeelt. Et si Whitworth-Kanounen déi op hollännesche Schëffer waren, an déi de Generol Pichegru an der Séischluecht vun Helder den 21. Januar 1795 den Hollänner ofgeknäppt huet.
M47 Patton zu Valmy

Kuckt och[Quelltext änneren]