Vanguard-Projet
D'Vanguard war e Projet vun der ziviller Fuerschungsariichtung Naval Research Laboratory vun der United States Navy, mam Zil, den éischten amerikanesche Satellit an eng Äerdëmlafbunn ze bréngen. Dëst Zil gouf aus verschiddene Grënn awer net erreecht.
D'Bezeechnung Vanguard gouf dobäi fir d'Drorakéit (Test Vehicle, Kürzel TV-x, woubäi den x fir d'Startnummer stoung) an och fir déi dräi erfollegräich Satellitten.
D'Virgeschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den US-President Dwight D. Eisenhower huet den 29. Juli 1955[1] duerch de Spriecher vum Wäissen Haus, den James Hagerty, matdeelen, datt hien als nationale Undeel vun den USA zum Internationalen Geophysikalesche Joer (1. Juli 1957 bis 31. Dezember 1958) en Äerdsatellit an Optrag wäert ginn. Den Eisenhower wollt domat den ziville Charakter vun der Weltraumfuerschung betounen a sou d'Fro no Iwwerfluchrechter iwwer aner Staaten entspanen. An den Zäite vum Kale Krich war dat natierlech eng Erausfuerderung un d'Sowjetunioun, déi véier Deeg méi spéit[1] och bekannt gemaach huet, e Satellit ze starten. D'Sowjets haten et schliisslech fäerdeg bruecht, de 4. Oktober 1957 mam Sputnik 1 den éischte Satellit ëm d'Äerd kreesen ze loossen.
Zu dëser Zäit hat déi spéider vum Eisenhower an d'Liewe geruffe NASA nach net existéiert a sou gouf et dräi konkurréierend Projete:
- e Projet vun der Loftwaff (US Air Force), baséierend op där zu dësem Zäitpunkt nach net existéierender Atlas-Interkontinentalrakéit.
- e Projet vun der US-Arméi (US Army), geleet vum Wernher von Braun, dat bannenzeg der US-Armee d'Jupiter-C-Drorakéit entwéckelt (zu Huntsvilles Redstone Arsenal, Alabama) a schonn Erfarungen op dësem Gebitt hat.
- d'Projekt Vanguard ënner der Leedung vum John P. Hagen, eng nei Rakéit vum Naval Research Laboratory vun der US-Navy.
Als Viraussetzung fir e Projet fir dat Internationaalt Geophysikalescht Joer gouf vun den USA en zivilt Projet resp. eng méiglechst geréng militäresch Bedeelegung an d'A gefaasst, fir méiglech Differenze mat der Sowjetunioun kleng ze halen. Och aus Sekretsgrënn sollt fir d'Fuerschungszwecker net op e Rakéiteprojet vun der militärescher Fuerschung zeréckgegraff ginn, well d'US-amerikanesch Wëssenschaftler wollten hir Projete fir déi Bedeelegt aller Natiounen sou op wéi nëmme méiglech halen a sou vill Informatioune wéi méiglech zur Dispositioun stellen. Sou koum et zu der Wal vum Projet Vanguard, fir dat a kuerzer Zäit eng wäitgoend Neientwécklung vun der Rakéitentechnik an Ugrëff geholl konnt ginn. De geplangte Rakéitentyp war däitlech méi komplizéiert wéi d'Technik vun der Jupiter-C-Drorakéit, déi op enger modifizéierter Mëttelstreckerakéit vum Typ Redstone baséiert huet.
D'Rakéit
[änneren | Quelltext änneren]Déi dräistufeg amerikanesch Drorakéit gouf op Basis vun der Viking-Héichtefuerschungsrakéit entwéckelt. Am Verglach mat der Redstone war si vill méi schmuel. Déi éischt Stuf gouf vun enger Mëschung aus Kerosin a Sauerstoff ugedriwwen, déi vun der Firma General Electric gebaut gouf. D'Dreifwierk vun der zweeter Stuf hat deem vun der Héichtefuerschungsrakéit Aerobee vun der Navy geglach an hat mat enger Mëschung aus Salpéitersaier an onsymmetreschem Dimethylhydrazin geschafft. Dës Stuf hat d'Steierungssystemer vun der Rakéit integréiert. Déi drëtt an iewescht Stuf war eng Feststoffrakéit vun der Grand Central Rocket Company, déi bei Oftrennung vun der zweeter Stuf zu der Stabiliséierung an eng Dréiung zu der Längsachs versat gouf. Si gouf vun 1957 agesat a krut negativ Publicitéit wéinst hire Feelerufällegkeet (9 Feelstarten bei 12 Missiounen).
Technesch Daten:
- Mass total: 10,5 t
- Notzlaascht: 40 kg
- Héicht: 21,95 m
- max. Duerchmiesser: 1,14 m
- Startschub: 120 kN
D'Satellitten
[änneren | Quelltext änneren]De klenge, kugelfërmege Satellit Vanguard 1, dee bei engem Duerchmiesser vu 16,5 cm eng Mass vun ongeféier 1,47 kg hat, gouf vun Chruschtschow och witzerweis Pampelmus genannt. Hie war déi zweet erfollegräich an den Orbit transportéierte Satellit vun der USA nom Explorer 1 an den éischte Satellit, dee mat Solarzellen ausgerëscht gouf. Wéinst dëser Energiequell konnt ee siwe Joer laang, bis 1964, iwwer déi vun him gesente Signale vu senger Fluchbunn studéieren an doraus Erfarungen iwwer d'Äerdform afleeden.[2]
Hien hat eng Ëmlafbunn tëscht 654 an 3969 km Héicht bei enger Bunnschréi vun 34,25° erreecht.[3]
Duerch de Stralungsdrock gouf Vanguard 1 bannen 28 Méint um 1600 m aus senger Bunn verréckelt.[4] Och no 60 Joer (Stand 2018)[5] ass hien awer nach op enger stabiller Ëmlafbunn, déi hie viraussiichtlech weider 240 Joer bis zum Ofstuerz bäibehale wäert.
Starts
[änneren | Quelltext änneren]Haaptartikel zu dësem Theema: Vanguard (Satellit)
- 6. Dezember 1957 – Éischte Startversuch (Vanguard TV 3) vun der vollständeger Drorakéit. Zwou Sekonne nom Ofhiewen explodéiert déi éischt Stuf an déi iewescht Stufe falen a sech zesummen. De Satellit iwwersteet d'Explosioun. An der amerikanescher Press ginn an Uleenung un de sowjetesche Sputnik fir de gefloptene Startversuch Begrëffer wéi Flopnik, Goofnik, Kaputnik, Nullnik, Oopsnik, Stallnik oder Stayputnik benotzt.
- 5. Februar 1958 – No 57 Sekonne verseet d'Lagekontroll. Déi optriedend aerodynamesch Kraafte féieren zu strukturellem Versoe vun der Drorakéit.
- 17. Mäerz 1958 – Start vum Satellit Vanguard 1 u Bord vun enger dräistufeger Drorakéit (Kierzel TV-4).
- 28. Abrëll 1958 – Versoe vun der Elektrik vun der zweeter Stuf. Doduerch konnt déi drëtt Stuf net gezünnt ginn.
- 27. Mee 1958 – Problemer mat der Lagekontroll verhënnerem d'Erreechen enger Ëmlafbunn.
- 26. Juni 1958 – Zweet Stuf schalt schonn no aacht Sekonne nees of, déi drëtt Stuf gëtt dofir net gezünnt.
- 26. September 1958 – Zweet Stuf liwwert net genuch Leeschtung.
- 17. Februar 1959 – Satellit Vanguard 2 mat enger Mass vu ronn 10 kg am Orbit placéiert.
- 13. Abrëll 1959 – Lagekontroll vun der zweeter Stuf geet bei Oftrennung vun der éischter Stuf verluer.
- 22. Juni 1959 – Drockverloscht an den Tanken no Zündung vun der zweeter Stuf.
- 18. September 1959 – Satellit Vanguard 3 mat enger Mass vun 22,7 kg am Orbit placéiert. Drëtt Stuf hat sech net, wéi geplangt, vum Satellit getrennt.[6]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Horst Stöcker (Hrsg.): Taschenbuch der Physik. Formeln, Tabellen, Übersichten. 3., iwwerschafften an erweidert Oplo. Däitsch, Thun u. a. 1998, ISBN 3-8171-1556-3.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Vanguard – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Juno- an Vanguardrakéiten op dem Bernd-Leitenbergers senger Websäit
- (en) Vanguard: A History (NASA History Series)
- (en) alle Flüge im Rahmen des Vanguard-Projektes
- (en) Die Vanguard mit ihren Versionen in Gunter’s Space Page
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Korolev and Freedom of Space: February 14, 1955–October 4, 1957 op www.hq.nasa.gov, gekuckt den 1. September 2016
- ↑ National Space Science Data Center der NASA, NSSDC Master Catalog, Eintrag: Vanguard 1, nssdc.gsfc.nasa.gov Stand vum 26. Februar 2008.
- ↑ Vanguard 1 bei space.skyrocket.de
- ↑ Stöcker: Taschenbuch der Physik. 3. Oplo. 1998, S. 747.
- ↑ Welches ist das älteste künstliche Objekt im Weltall? op astronews.com, gekuckt de 17. Mäerz 2018
- ↑ Vanguard auf Gunter’s Space Page, gekuckt de 17. Mäerz 2018