Vanilla Sky (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
Vanilla Sky
Vanilla Sky an der éischter Besetzung
Genre: Emo/Pop Punk
Land: Italien
Grënnung: 2002
Websäit: www.vanillaskyrock.com
Aktuell Memberen:
Gesank & Gittar: Brian (Daniele Brian Autore)
Gesank & Gittar: Vinx (Vincenzo Mario Cristi)
Bass & Backgroundgesank Cisco (Francesco Sarsano)
Batterie & Backgroundgesank: Jacopo (Jacopo Volpe)
Fréier Memberen:
Bass & Backgroundgesank: Antonio (Antonio Filippelli)
Batterie & Backgroundgesank: Luka (Luca Alessandrelli)

Vanilla Sky ass eng italieenesch Emo/Pop Punk-Band, déi sech uganks d'Joer 2002 forméiert huet. Se orientéiere sech u Gruppe wéi Sum 41. Hiren zweete Laangspillalbum, deen ënner Universal Music erauskoum, ass am Juni 2007 verëffentlecht ginn. Baussent Italie si se duerch hir Coverversioun vum Rihanna sengem Lidd Umbrella bekannt ginn, dat sech séier am Internet verbreet huet.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Gegrënnt gouf d'Band am Feburar 2002, wéi de Sänger a Gittarist Brian Autore vun der Band Lesa Majestic mam Luca Alessandrelli, deemools Batteur bei 9mm, iwwer e méigleche Projet geschwat huet. Se hate wëlles, eng nei Grupp ze forméieren, déi méi staark an d'Richtung vum Teen Pop geet, deen zu dëser Zäit opkomm ass. E gudde Mount méi spéit ass dunn de Bassist Francesco Sarsano, dee bis dohi Member vun Party Line war, derbäikomm. Duerch hie koumen d'Emo Pop-Aflëss, déi zanterhier d'Grupp prägen. Zimmlech séier hunn se awer festgestallt, datt nach e Gittarist an der Grupp feelt a sou ass e Kolleeg vum Francesco derbäigestouss, de Vincenzo (fréiere Member vun Crossystem).

Hire Bandnumm huet, sou d'Band selwer, näischt mam Film ze dinn, deen de selwechten Numm huet. E soll un déi gielzeg Faarf bei engem Sonnenënnergang erënneren.

Hiren zweeten Album hu se an engem private Studio zu Roum a Venedeg opgeholl. Op dësem Album si fir d'éischt och dräi Lidder op Englesch ze héieren. Am Juni 2007 duerfte se als Support Act d'Grupp Good Charlotte op hirer Italien-Tour begleeden, am Juli dunn als Support Act fir d'Avril Lavigne. Baussent Italie si se duerch YouTube bekannt ginn. Hei huet sech de Video vun hirer Coverversioun vum Rihanna sengem Lidd Umbrella séier verbreet.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004: Waiting for Something
  • 2004: Play It If You Can't Say It
  • 2007: Changes
  • 2010: Fragile
  • 2011: Punk Is Dead
  • 2012: The Band Not the Movie

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2002: Play it If You Can't Say It
  • 2003: Too Loud for You (Split-EP vu 4 Gruppen)
  • 2003: The Rest Is History (Split-EP vu 5 Gruppen)
  • 2013: #UNPLUGGED

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]