Vanuatu

Vu Wikipedia


Ripablik blong Vanuatu (Republic of Vanuatu, République du Vanuatu)

Fändel vu Vanuatu

Wope vu Vanuatu

Detailer

Detailer
Offiziell Sprooch: Bislama, Englesch, Franséisch
Haaptstad: Port Vila
Staatsform: Parlamentaresch Republik
Fläch: 12.200 km²
Bevëlkerung: 240.000 (2009)

D'Republik Vanuatu ass e Staat an Ozeanien. Den Archipel, deen aus 83 Inselen, respektiv Inselgruppe besteet, gouf bis 1980 Nei Hebriden genannt an huet knapps iwwer 240.000 Awunner.

D'Wirtschaft besteet haaptsächlech aus Landwirtschaft, Fëscherei an Tourismus (ongeféier 60.000 Touristen am Joer 2005). Vanuatu huet keng nennenswäert Buedemschätz.

Eng Etude vun der brittescher New Economics Foundation (NEF) huet d'Gléck vun den Awunner vum Vanuatu am weltwäite Verglach als deen héchste bewäert. Ënnersicht goufe Fakteure wéi Zefriddenheet, Liewenserwaardung an den Ëmgang mat der Ëmwelt.

D'Haaptstad vum Vanuatu ass Port Vila.

De 14. a 15. Mäerz 2015 huet den Zyklon Pam grouss Deeler vum Inselstaat zerstéiert. Eng 24 Leit koumen dobäi ëm d'Liewen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vanuatu – Biller, Videoen oder Audiodateien