Op den Inhalt sprangen

Varsinais-Suomi

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Finnland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Varsinais-Suomi
(fi) Varsinais-Suomen maakunta
(sv) Egentliga Finland
Allgemenges
  Regioun
Gegrënnt 1. Januar 1994
Chef-lieu Turku
Websäit http://www.varsinais-suomi.fi/
Demographie
Awunner 497.800
  31. Dezember 2025
Geographie
Koordinaten 60°30'N, 22°45'O
Fläch 10.912,22 km²
Grenzt un Satakunta, Kanta-Häme, Åland, Uusimaa, Pirkanmaa
Kaart mat der Lag

D'Regioun Varsinais-Suomi (fi. Varsinais-Suomi, sv. Egentliga Finland), och nach Eigentlecht Finnland oder Südwest Finnland genannt, ass eng vun den 19 Regiounen a Finnland. De Chef-lieu ass Turku, déi eelst Stad vu Finnland.

D'Regioun huet 497.800 Awunner (Stand 31. Dezember 2025)[1] an ass 10.912,22 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 45,62 Awunner / km²[2].

D'Regioun Varsinais-Suomi läit um Baltesche Mier, am Südweste vu Finnland, a grenzt un d'Regioun Satakunta am Norden an u Kanta-Häme an Uusimaa am Osten.

Virun der Küst vu Varsinais-Suomi läit de Finneschen Archipel (de. Schärenmeer, fi. Saaristomeri, sv. Skärgårdshavet), e Mieresgebitt mat Zéngdausende vun deels klengen Inselen, op deenen ongeféier 27.000 Leit liewen. Am Weste geet den Archipel an d'autonom Provënz Åland iwwer. Densüdlechen Deel vum Archipel ass schweedeschsproocheg; et gëtt och eng finnesch-schweedesch Minoritéit zu Turku. De Rescht vun der Regioun ass finneschsproocheg. Am Ganze schwätzen ongeféier 5,7 % vun den Awunner vu Varsinais-Suomi schweedesch.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ier d'Provënzen a Finnland op den 1. Januar 2010 ofgeschaaft goufen, huet d'Regioun zur Provënz Westfinnland gehéiert.

Zur Regioun gehéieren dës 27 Gemengen (Stand: 01.01.2026)[3]:

  1. Aura
  2. Kaarina
  3. Kimitoön
  4. Koski Tl
  5. Kustavi
  6. Laitila
  7. Lieto
  8. Loimaa
  9. Marttila
  10. Masku
  11. Mynämäki
  12. Naantali
  13. Nousiainen
  14. Oripää
  15. Paimio
  16. Pargas
  17. Pyhäranta
  18. Pöytyä
  19. Raisio
  20. Rusko
  21. Salo
  22. Sauvo
  23. Somero
  24. Taivassalo
  25. Turku
  26. Uusikaupunki
  27. Vehmaa
 Commons: Varsinais-Suomi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (en) Key figures on population by Area, Information and Year. Gekuckt den 21. Abrëll 2026.
  2. Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. (en) Statistics Finland, Px code list of municipalities and regional divisions based on municipalities 2025 | Statistics Finland. stat.fi (01.01.2025). Gekuckt den 21.04.2026.