Op den Inhalt sprangen

Vatikanesch Lira

Vu Wikipedia
Vatikanesch Lira
Typ Wärung
Land Vatikanstad
ISO-Code VAL
Agefouert 11. Februar 1929
Ofgeschaaft 28. Februar 2002
ersetzt Papal Lira
ersat mat Euro

D'vatikanesch Lira (VAL) war vum 11. Februar 1929 bis den 31. Dezember 2001 déi offiziell Wärung vun der Vatikanstad. Si gouf den 1. Januar 2002 mam Euro ersat.

1 Lira war an 100 Centesimi ënnerdeelt.

1929 gouf mat de Laterantraitéen d'Vatikanstad gegrënnt, déi dunn och d'Recht hat eege Mënzen anzeféieren.[1] D'vatikanesch Lira war un d'italieenesch Lira an un d'san-marineesesch Lira gekoppelt, an zanter dem Zweete Weltkrich an Centesimi ënnerdeelt. Italieenesch an san-marineesesch Mënzen a Schäiner goufen och an der Vatikanstad akzeptéiert. Anescht waren d'vatikanesch Mënzen och Bezuelmëttel an Italien an a San Marino.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR = 1936,27 VAL fixéiert.

 Commons: Vatikanesch Lira – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Heinz Brestel (Hrsg.): Jahrbuch für Kapitalanleger 1999, S. 68.