Verbotz

Verbotz oder Botz ass e Baustoff, dee gebraucht gëtt fir d'Uewerfläch vu Wänn a Plaffongen ze beschichten. E kënnt am Bannen- an am Bausseberäich zum Asaz.
Verbotz gëtt gebraucht fir Fläche riicht ze maachen oder ze strukturéieren an déngt als Schutzschicht géint Fiichtegkeet, Beschiedegungen a meteorologesch Aflëss. Donieft verbessert spezielle Botz och d'Isolatioun (souwuel Temperatur wéi och Schall) an d'Brandschutzeegenschafte vun engem Gebai.[1]
Den Handwierker kann de Botz manuell oder mat Hëllef vun enger Maschinn opdroen.[2] Wann en dréchen ass, kann de Botz ugestrach ginn oder als Basis fir zousätzlech Dekoratiounsschichten déngen, zum Beispill de Plättercher oder der Tapéit.[3]
Jee no Zweck gëtt Gips, Kallek oder Zement, oder eng Mëschung vun zwéin oder dräi vun deene Stoffer, als Bannmëttel vum Verbotz gebraucht. Dorënner ginn dann nach weider Stoffer bäigemëscht, zum Beispill Sand, Stréi oder Kork. Waasser kënnt och dobäi, fir d'Bannmëttel z'aktivéieren. Mat der Kompositioun vun der Substanz änneren och hir Eegenschaften, wéi d'Drockfestegkeet an d'Waasseropnam.[1]
Leem ass en traditionellt Baumaterial a gëtt och haut nach als ekologesch Alternativ zum Gips-, Kallek- oder Zementbotz agesat, besonnesch fir Leembotz.[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Spachtel: e Baustoff fir méi fein Ausgläichungsaarbechten
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Verbotz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 (de) Putz – der vielseitige Helfer. caparol.de. Gekuckt den 3. Mäerz 2026.
- ↑ (de) Innenputz mit Putzmaschine auftragen. hausone.de (11. Abrëll 2025). Gekuckt den 3. Mäerz 2026.
- ↑ (de) Putzarten: Welcher Putz für welchen Zweck?. hornbach.de. Gekuckt den 3. Mäerz 2026.
- ↑ (de) Lehmputz. granol.ch. Gekuckt den 3. Mäerz 2026.