Vereent Natiounen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Fändel vun de Vereenten Natiounen

D'Vereent Natiounen (VN), fr: Organisation des Nations unies ONU, en: United Nations, dacks och als UNO fir United Nations Organization ofgekierzt, ass eng global international Organisatioun. Hir wichtegst Ziler sinn et den internationale Fridden ze sécheren, der wirtschaftlecher a sozialer Entwécklung virunzehëllefen an drop uecht ze ginn datt d'Mënscherechter agehale ginn.

D'Vereent Natiounen versti sech als Mëttelsorganisatioun tëscht de Staaten a schaffen, do wou se gebraucht ginn, aktiv fir méi international Kooperatioun.

2001 kruten d'Vereent Natiounen an hiren deemolege Generalsekretär, de Kofi Annan, de Friddensnobelpräis fir hiren Engagement ëm en internationaalt bessert Versteesdemech an de Fridden an der Welt.

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

Den Churchill an de Roosevelt op der HMS Prince of Wales (1941)

D'Iddi vun enger weltwäiter, iwwernationaler Organisatioun déi sech dofir asetzt de Fridden ze hidden a Kricher ze verhënnere gouf déi éischt Kéier a Form vum Vëlkerbond (1920-1946) ëmgesat. D'Virgängerorganisatioun vun de Vereenten Natiounen war als reng diplomatesch Plattform konzipéiert an eng ganz Rëtsch Länner, dorënner d'USA an d'Sowjetunioun, waren ni Member oder sinn, wéi Däitschland a Japan, spéider nees ausgetrueden. De Vëlkerbond ass doduerch relativ séier u seng Grenze gestouss a gouf kuerz nom Zweete Weltkrich vun de Vereenten Natiounen ofgeléist.

Nach während dem Krich, de 14. August 1941, hunn den US-amerikanesche President Franklin D. Roosevelt an de britesche Premier Winston Churchill d'Atlantik-Charta proklaméiert. Am Dokument sinn éischt programmatesch Iwwerleeungen a Richtung vun enger neier Weltorganisatioun festgehalen. An der Declaration by United Nations vum 1. Januar 1942 beruffe sech 26 Staaten, dorënner och Lëtzebuerg, op d'Prinzipie vun der Atlantik-Charta.

D'Verhandlungen iwwer eng zukënfteg international Organisatioun ginn nach emol 1944 op der Konferenz vun Dumbarton Oaks, bei Washington, tëscht Vertrieder vu China, Groussbritannien, der Sowjetunioun an den USA intensivéiert a konkretiséiert.

Nodeem zentral nach méi ëmstridde Punkten am Februar 1945 op der Konferenz vu Jalta gekläert konnte ginn, gëtt d'Charta vun de Vereenten Natiounen deklaréiert. D'Charta gouf de 26. Juni 1945 vu 50 Staaten zu San Francisco ënnerschriwwen an ass de 24. Oktober 1945 a Kraaft getrueden. Polen ass als 51. Grënnungsmember spéider bäikomm.

Kuckt heizou och den Haaptartikel: Geschicht vun de Vereenten Natiounen

D'Charta vun de Vereenten Natiounen[änneren | Quelltext änneren]

D'Charta ass d'Konstitutioun vun de Vereenten Natiounen a bënnt d'Memberstaaten opgronn vum Droit international public.

An der Charta sinn d'Ziler a Regelen, d'Kompetenzen an d'Organisatioun vun de VN festgehalen. Inhaltlech ass d'Dokument eminent vun den Erliefnesser aus dem Zweete Weltkrich, de Verbrieche vum Hitler-Regime, dem Scheitere vum Vëlkerbond an der Weltwirtschaftskris an den 1930er Jore geprägt.

D'Charta huet eng Präambel an 19 Kapitele mat 111 Artikelen.

Memberen[änneren | Quelltext änneren]

D'Vereent Natiounen hunn 191 Memberlänner (Stand 2006). Nodeem d'Schwäiz an Timor-Leste am Hierscht 2002 bäigetruede sinn, verbleift de Vatikanstad domat den eenzege souveräne Staat deen net dozougehéiert. Den Hellege Stull, déi vëlkerrechtlech Vertriedung vum Vatikan, huet awer Beobachterstatus. International net vun allen Natiounen unerkannt Länner wéi d'West-Sahara (Demokratesch Arabesch Republik Sahara), déi Tierkesch Republik Nordzypern, d'Cookinselen an Taiwan stinn och dobaussen.

De Grënnungsmember Taiwan, deemools als China unerkannt, war bis 1971 am Sécherheetsrot vertrueden, huet dunn awer nom Vote vun der Generalversammlung de Stull fir d'Volleksrepublik China misse fräimaachen. Jiddwer Member muss sech den an der Charta formuléierten Ziler a Regele vun de Vereenten Natioune verflichten.

Kuckt och: Membere vun de Vereenten Natiounen

Organisatioun a Fonctionnement[änneren | Quelltext änneren]

Haaptorganer[änneren | Quelltext änneren]

D'Vereent Natiounen hunn 6 Haaptorganer:

Sall vum UNO-Sécherheetsrot zu New York
UNO-Haaptsëtz zu New York.
  • De Sécherheetsrot (Conseil de sécurité) ass d'Zentralorgan vun de Vereenten Natiounen an huet 15 Memberen. China, Russland, Frankräich, Groussbritannien an d'USA sinn ëmmer vertrueden an hunn, doduerch datt all Decisioun eestëmmeg vun hinnen akzeptéiert gi muss, en indirekt Vetorecht. Déi aner 10 Membere gi jeeweils op zwee Joer vun der Generalversammlung gewielt.
  • D'Generalversammlung (Assemblée générale). All Memberstaat huet ee Sëtz an eng Stëmm. D'Generalversammlung ka Proposen a Recommandatiounen un de Sécherheetsrot riichten un déi dësen awer net gebonnen ass.
  • D'Generalsekretariat (Secrétariat): geréiert a representéiert d'Organisatioun. Héchste Beamten an der Administratioun ass den Generalsekretär (zanter 2007 de Ban Ki-moon)
  • Wirtschafts- a Sozialrot (Conseil économique et social): huet eng consultativ Roll a Froen zu der internationaler wiertschaftlecher a sozialer Kooperatioun.
  • Den Internationale Geriichtshaff (Cour internationale de Justice): zoustänneg fir d'Klärung vu tëschestaatleche Streidereien.
  • De Conseil de tutelle huet seng Aarbecht entre-temps suspendéiert

Niewenorganer a spezialiséiert Agencë[änneren | Quelltext änneren]

Nieft dëse sechs Haaptorganer gëtt et eng Rëtsch vun net-politesch spezialiséierten Niewenorganisatiounen an Agencë.

Kuckt heizou: Lëscht vun den UNO-Organer

Sëtzer a Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Hiren Haaptsëtz hunn d'Vereent Natiounen zu New York. Den Terrain laanscht den East River gouf vum John Davison Rockefeller Junior gestëft an zanter 1951 sinn hei fënnef vun deene sechs Haaptorganer doheem.

Donieft huet d'Sekretariat nach dräi Büroen, jeeweils zu Genève an der Schwäiz (UNOG), zu Wien an Éisträich (UNOV) an zu Nairobi am Kenia (UNON).

Den Internationale Geriichtshaff huet säi Sëtz zu Den Haag an Holland.

Ähnlech wéi d'Ambassadë sinn d'Sëtzer vun de Vereenten Natiounen exterritorialt Gebitt.

D'Vereent Natiounen hu sechs offiziell Sproochen an déi all Dokument, Resolutioun a Protokoll iwwersat gëtt: Arabesch, Chinesesch, Englesch, Franséisch, Russesch a Spuenesch.

Englesch a Franséisch sinn dogéint déi eenzeg zoulässeg Aarbechtssproochen.

Finanzéierung[änneren | Quelltext änneren]

D'Vereent Natioune finanzéiere sech haaptsächlech iwwer obligatoresch Kontributioune vun de Memberlänner. All Land ass dozou verflicht e gewësse Prozentsaz vum Budget ze droen. De Maximum wat en eenzele Staat bäisteiere ka läit bei 25%. De Gros vum Zweejoersbudget gëtt vun nëmmen engem Grapp voll Länner gedroen. D'USA sinn an där spezieller Situatioun, datt se zwar mat 22% (2004-2006) am meeschte bäileeen, gläichzäiteg awer och de gréissten Débiteur sinn.

Friddens- a Spezialprogrammer (wéi z. B. d'UNICEF) ginn entweder duerch Extracotisatiounen oder fräiwëlleg Leeschtunge finanzéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vereent Natiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien