Verhalenskodex

E Verhalenskodex oder Behuelenskodex (op Franséisch: code de conduite) ass e schrëftlecht Reegelwierk, dat Standarden am Behuelen an ethesch Leetlinne fir Eenzelpersounen an Organisatiounen definéiert. Esou e Kodex déngt dozou, Erwaardungen un d'Behuelen a bestëmmte Kontexter – zum Beispill op der Schaff, an Institutiounen, oder am ëffentleche Liewen – kloer ze formuléieren. En huet och d'Zil, Transparenz a Verantwortlechkeet ze fërderen.[1][2]
Am Behuelenskodex kënnen ënnerschiddlech Reegele stoen. Zum Beispill geet et doran dacks ëm Éierlechkeet, an och dorëm, Interessekonflikter ze vermeiden, vertraulech Informatiounen ze schützen an all Mënsche fair ze behandelen. An internationalen Organisatiounen oder an Entreprisë stinn am Verhalenskodex och dacks Richtlinne fir de respektvollen Ëmgang mat mënschlecher Diversitéit, fir d'Antikorruptioun a fir richtegt Behuelen a Krisesituatiounen. E gëllt dobäi generell fir all d'Mataarbechter oder d'Vertrieder vun enger Organisatioun, an e funktionéiert nëmmen, wa jiddereen de Contenu vum Kodex kennt an deem zougestëmmt huet.[3][4][5]
Verhalenskodexe ginn dacks vun Entreprisen, Associatiounen, ONGen, Beruffsverbänn, staatlechen oder internationalen Ariichtungen agefouert. Si kënnen eng gesetzlech Basis hunn oder als fräiwëlleg Selbstverflichtung ausgesat sinn. Hire Respekt gëtt deels duerch intern Kontrollmechanismussen, Formatiounen oder Mechanismusse fir den Traitement vu Plaintë séchergestallt.[4]
A bestëmmte Beräicher, wéi der humanitärer Hëllef oder der Fuerschung, gëlle secteuriwwergräifend Coden. Ee Beispill ass de Behuelenskodex vun der Internationaler Beweegung vum Roude Kräiz an dem Rouden Hallefmound a fir Netregierungsorganisatiounen an der Katastrophenhëllef, dee Mindeststandarde fir d'Behuele vun humanitären Acteure festleet.[6]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Verhalenskodex – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Code of Conduct: Ihr Pfad zur ethischen Unternehmenskultur. lawpilots.com (13. September 2024). Gekuckt den 12. Juni 2025.
- ↑ (de) Code of Conduct: Definition, Muster und Beispiele für einen Verhaltenskodex. personio.de Archivéiert den 20.07.2025. Gekuckt den 12. Juni 2025.
- ↑ (de) Code of Conduct: Definition und Beispiele. hrworks.de. Gekuckt den 12. Juni 2025.
- 1 2 (en) Matthew Jenkins, Topic Guide: Codes of Conduct. Transparency International (20 April 2015). Gekuckt den 12. Juni 2025.
- ↑ (fr) Mathilde Hardy, Tout savoir sur le code de conduite en entreprise. Le Figaro Emploi Pro (23 July 2024). Gekuckt den 12. Juni 2025.
- ↑ (fr) Code de conduite pour le Mouvement et des ONG lors de la réponse aux catastrophes. Fédération internationale des Sociétés de la Croix-Rouge et du Croissant-Rouge (IFRC). Gekuckt den 12. Juni 2025.