Verkéiersgebuetsschëld

Vu Wikipedia

E Verkéiersgebuetsschëld ass eng Vertikal Signalisatioun, déi e Gebuet uweist.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ass et ëmmer e bloe Rondel mat bannendran engem wäisse Piktogramm.

Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la Route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955[1] publizéiert an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Gebuetsschëlter am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière am Artikel 107, ënner der Rubrik IV. SIGNAUX D'OBLIGATION beschriwwen:

Bedeitung Bezeechnung(en)
1 Obligatoresch Richtung Schëld D, 1a
2 Gebuet fir z'ëmfueren Schëld D, 2
3 Kräizung mat obligatoreschem Kreesverkéier Schëld D, 3
4 Obligatoresche Vëloswee oder obligatoresch Vëlosspuer Schëld D, 4 - Schëld D, 4a
5 Obligatoresche Foussgängerwee Schëld D, 5
5a Obligatoresche Wee fir Vëlosfuerer a Foussgänger Schëld D, 5a - Schëld D, 5b
5b Enn vum obligatoresche Foussgängerwee Schëld D, 5c
5c Enn vum obligatoresche Wee fir Vëlosfuerer a Foussgänger Schëld D, 5aa - Schëld D, 5ba
6 Obligatoresche Wee fir Reider Schëld D, 6
6a Enn vum obligatoresche Wee fir Reider Schëld D, 6a
7 Gebuet fir eng Mindestvitesse Schëld D, 7
8 Enn vum Gebuet fir eng Mindestvitesse Schëld D, 8
9 Gebuet fir Schnéiketten Schëld D, 9
9a Enn vum Gebuet fir Schnéiketten Schëld D, 9a
10 Reservéiert Spuer fir Gefierer vum reegelméissegen ëffentlechen Transport Schëld D, 10 - Schëld D, 10a
11 Reservéiert Spuer fir den Tram Schëld D, 11 - Schëld D, 11a

Technesch Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

D'Verkéiersgebuetsschëlter si Rondele mat engem bloen Hannergrond a mat wäisse Symboler oder Opschrëften.

Nieft verschiddenen Ausnamen, muss den Duerchmiesser vun de Verkéiersgebuetsschëlter an den Uertschaften op d'mannst 500 mm sinn, baussent den Uertschaften op d'mannst 700 mm an op den Autobunnen op d'mannst 900 mm.

Opstelle vun de Schëlter[änneren | Quelltext änneren]

Gemenkerhand ginn d'Schëlter op der rietser Säit an der Fuerrichtung a baussent der Fuerbunn opgeriicht. Am Kader vun engem Schantje kënne verschidde Schëlter op der Fuerbunn selwer opgestallt ginn. D'Schëlter déi en Enn vun engem Gebuet uweisen, kënnen op der Récksäit vum Gebuetsschëld ubruecht ginn.

D'Verkéiersgebuetsschëlter ginn am Allgemenge baussent den Uertschafte vun der Bauverwaltung a bannent den Uertschafte vun der jeeweileger Gemengeverwaltung opgestallt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Verkéiersgebuetsschëld – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Artikel 107 – I. Signaux d'obligation aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 11. September 2018.