Verlängerten Ellipsoid

Vu Wikipedia
verlängerten Ellipsoid

Als verlängerten oder prolaten Ellipsoid gëtt e spezielle Rotatiounsellipsoid bezeechent, deen duerch d'Rotatioun vun enger Ellips ëm hir grouss Achs entsteet. Seng Polachs ass also méi laang wéi säin Equatordurchmesser. E Beispill fir déi spëndelaarteg Form ass de Rugbyball.

De verlängerten Ellipsoid ass d'Géigestéck vum ofgeplatten Ellipsoid, deen d'Reegelform vun der Äerd a vun alle gréissere Planéiten duerstellt. Verlängert Ellipsoiden hu kaum praktesch Bedeitung, sinn awer fir e puer Aspekter vun der Gläichgewiichts- an der Potentialtheorie interessant.

Iwwerraschenderweis erginn zu Ufank vum 18. Joerhonnert franséisch Gradmiessunge vum Picard, Cassini a Philippe de La Hire, datt d'Äerdfigur een zum Pol verlängerte Kierper wier. Den Isaac Newton hat awer duerch e Gedankenexperiment gewisen, datt d'Zentrifugalkraaft vun der Äerdrotatioun eng Verbreederung vum Equator bewierke misst. Och hätt dee séier rotéierende Jupiter eng däitlech ofgeplatt Form. De Feelschluss mat dem ëm 0,9 % ze laange Polduerchmiesser hat sech spéider als Folleg vu klenge systematesche Moossfeeler an enger Anomalie an der Äerdkuuscht erausgestallt.

D'Sträitfro "ofgeplatt oder verlängert" tëscht der Londoner an der Paräisser Akademie gouf definitiv eréischt duerch déi franséisch Expeditiounen an de Peru an a Lappland (17351741) zu Gonschte vun der Ofplattung entscheet, déi sech mat 1:304 erginn hat. De reelle, mat der Satellittegeodesie ermëttelte Wäert ass 1:298,25.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Karl Ledersteger: Astronomische und Physikalische Geodäsie. (= Jordan-Eggert-Kneissl (Hrsg.): Handbuch der Vermessungskunde. Band V) J. B. Metzler, Stuttgart 1969, S. 55 f. (§12, Wichteg Gradvermiessungsaarbechten).
  • Wolfgang Torge: Geodesy. de Gruyter, Berlin 2001, Kap. 1.3.2 The Ellipsoidal Earth Model, S. 7–10.