Vernissage

Vu Wikipedia
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Vernissage ass de Begrëff, mat deem d'Ouverture vun enger Konschtausstellung benannt gëtt.

Den Numm kënnt dohier, well bei engem Tableau mam Vernis déi lescht, definitiv Couche dropkënnt.

Bei engem Vernissage ass de Kënschtler dacks present an et gëtt en Éierewäin zerwéiert.

Den Ofschloss vun enger Ausstellung gëtt Finissage genannt.