Vesta (Rakéit)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Rakéit Vesta . Fir aner Begrëffer mam Numm Vesta, kuckt wgl. Vesta (Homonymie).
D'Vesta
Vesta 1-2 a Vesta 3-5

DVesta ass eng franséisch Héichtefuerschungsrakéit, déi tëscht 1965 a 1969 vun Hammaguir a vum Centre Spatial Guyanais fënnefmol gestart gouf. D'Vesta ass eng vergréissert Weiderentwécklung vun der Véronique-Rakéit.

D'Notzlaascht vun der Vesta war 500 kg, d'maximal Héicht 400 km, de Startschub 140,00 kN, d'Startmass 5700 kg, den Duerchmiesser 1,00 m an d'Längt 10,20 m. De Motor gouf mat Terpetäin als Dreifstoff a Salpéitersaier als Oxidant ugedriwwen. D'Dreifstoffer goufe mat Drockgas ouni Pompelen an d'Dreifwierk gedréckt.

Bei zwéi Flich ware Makakenafen u Bord, déi nees lieweg erëmkoumen.

Startlëscht[änneren | Quelltext änneren]

Datum, Auerzäit UTC Seriennummer Startplaz Maximal Héicht (km) Bemierkung
1965-10-1515. Oktober 1965 001 Hammaguir-Blandine 150
1965-10-2525. Oktober 1965 002 Hammaguir-Blandine 105
1967-03-077. Mäerz 1967, 09:42 004 Hammaguir-Blandine 243 Mat Af Martine
1967-03-1313. Mäerz 1967, 09:30 005 Hammaguir-Blandine 234 Mat Af Pierette
1969-11-088. November 1969 006 Centre Spatial Guyanais 204

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]