Vestmannaeyjar

Vu Wikipedia
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Hafen an Uertschaft vun Heimaey, geknipst vun den Häng vum Bierg Háhá. Bjarnarey läit hanner dem Lavafeld riets, an Heimaklettur heescht de Bierg lénks
Heimaey virun an nom nom Vulkanausbroch 1973
Heimaey wärend der Eruptioun

D'Vestmannaeyjar (iwwersat: Westmännerinselen) sinn eng Inselgrupp déi eng vulkanesch Originn hunn a südlech vun Island leien. Si bestinn aus 14 Inselen, 30 Schären an 30 Fielsen.

Heimaey [ˈhɛi̯maɛi̯] ass mat Ofstand déi gréisst an déi eenzeg Insel, déi stänneg bewunnt ass. Op hir läit eng Uertschaft mat 4.227 Awunner (Dezember 2004), déi de selwechten Numm huet. Si huet Enn Januar 1973 an aller Vitess missen evakuéiert ginn, well e neie Vulkan, den Eldfell, direkt bei der Uertschaft ausgebrach ass. Glécklecherweis ass kee Mënsch zu Schued kom, well déi ganz Fëschereiflott wéinst engem Stuerm deen Dag virdrun am Hafen bliwwe war a sou d'Leit evakuéiert konnte ginn. Méintlaang huet de Vulkan Lava an Äsche gespaut, an et bestoung d'Gefor, datt d'Zoufaart zum Hafen zougeschott kéint ginn, wat de Leit d'Liewensgrondlag entzunn hätt. E Geolog koum op d'Iddi, mat alle Pompelen, déi opzedreiwe waren, d'Lava mat Mierwaasser ofzekillen, wat dann och gemaach gouf. De Lavafloss huet dann och no e puer Méint an der Entrée vum Hafe stallgehalen.

Och haut nach kann een op de Lavasteng d'Hëtzt ënner de Fousssuele spieren. Déi Haiser, déi duerch de Vulkanausbroch verschott goufen, ginn zanter e puer Joer erëm ausgegruewen, wat hinnen den Numm Pompei Norðursins ("Pompeji vum Norden") ginn huet.

D'Uertschaft Heimaey lieft och haut nach haaptsächlech vun der Fëscherei a gehéiert zu de räichste Gemengen an Island. D'Insele sinn entweeder um Loftwee oder mat enger Pont z'erreechen.

Die eenzel Inselen heeschen:

  • Heimaey (13,4 km²)
  • Surtsey (1,9 km² / eréischt 1963 bei engem Vulkanausbroch entstanen)
  • Elliðaey (0,45 km²)
  • Bjarnarey (0,32 km²)
  • Álsey (0,25 km²)
  • Suðurey (0,20 km²)
  • Brandur (0,1 km²)
  • Hellisey (0,1 km²)
  • Súlnasker (0,03 km²)
  • Geldungur (0,02 km²)
  • Geirfuglasker (0,02 km²)
  • d'Inselen Hani, Hæna an Hrauney, grad wéi d'Schär Grasleysa, droen den Numm Smáeyjar (Klenginselen).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vestmannaeyjar – Biller, Videoen oder Audiodateien