VfB Stuttgart
Ausgesinn
| VfB Stuttgart | ||||
| Offiziellen Numm: | Verein für Bewegungsspiele Stuttgart 1893 e. V. | |||
|---|---|---|---|---|
| Veräinsfaarwen: | Wäiss, Rout | |||
| Grënnung: | 9. September 1896 | |||
| Stadion: | MHPArena | |||
| Plazen: | 60.058 | |||
| President: | ||||
| Trainer: | ||||
| Liga: | Bundesliga | |||
| Saison: | 2024/25 | |||
| Positioun: | Bundesliga, 9. Plaz | |||
|
| ||||
De VfB Stuttgart (kompletten Numm: Verein für Bewegungsspiele Stuttgart 1893 e. V.) ass en däitsche Sportsclub, deen 1896 zu Stuttgart gegrënnt gouf an haaptsächlech wéinst senger Foussballsektioun bekannt ass.
Déi éischt Härenekipp huet bis elo (Stand: Nov. 2025) fënnefmol déi däitsch Foussballmeeschterschaft a véiermol den DFB-Pokal gewonnen.
De Club hat am Juli 2025 iwwer 125.000 Memberen an ënnerhält nieft der Härefoussballssektioun, déi an en Amateur- an e Profikader souwéi an e puer Jugendekippen ënnerdeelt ass, eng Dammefoussballsekipp, eng Hockey-, eng Liichtathleetik-, eng Fauschtball- an eng Dëschtennissektioun.
Statistik
[änneren | Quelltext änneren]- Däitsche Meeschter (5): 1950, 1952, 1984, 1992, 2007
- Däitsche Vizemeeschter (5): 1935, 1953, 1979, 2003, 2024
- DFB-Pokal-Gewënner (4): 1954, 1958, 1997, 2025
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: VfB Stuttgart – Biller, Videoen an Audiodateien |