Victor Clube

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Victor Clube
Gebuer 22. Oktober 1934
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Cricketspiller, Astronom
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Stace Victor Murray Clube, gebuer den 22. Oktober 1934 zu London, ass en engleschen Astrophysiker an Astronom.

De Clube, deen a senger Jugend an d'St John's School zu Leatherhead an an d'Christ Church College vun der University of Oxford gaangen ass, war Dekan vun der Astrophysikalescher Fakultéit vu senger Alma Mater an huet an den Observatoirë vun Edinburgh an Armagh vu Kapstadt geschafft.

Säi Bekanntheetsgrad verdankt hien haaptsächlech senger Aarbecht an der Theorie vun "coherent catastrophism"[1], déi hien zesumme mam Bill Napier an anere Kollegen opgestallt huet. Doriwwer eraus ass hien en Expert fir Koméiten an Kosmologie. De Clube ass och Auteur vu ville wëssenschaftlechen a populärwëssenschaftleche Bicher an en exzellente Cricket-Spiller.

Den Asteroid (6523) Clube gouf no him genannt.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Asher, D.J., S.V.M. Clube, W.N. Napier and D. I. Steel (1994). Coherent Catastrophism. Vistas in Astronomy, 38 (1), 1-27; fir populärwëssenschaftlech Duerstellungen vun där Theorie kuckt: Mike Davis, "Cosmic Dancers on History's Stage?" an Dead Cities: And Other Tales (2002), 307-59; souwéi online: Philip R. Burns, "Clube and Napier: Coherent Catastrophism" (deutschsprachige Übersetzung), gekuckt den: 8. Juni 2013.