Victor Hippert
| Victor Hippert | |
|---|---|
| Gebuer |
16. Oktober 1887 Diddeleng |
| Gestuerwen |
19. Abrëll 1943 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Ingenieur |
|
| |
De Victor Hippert, gebuer de 16. Oktober 1887 zu Diddeleng[1] a gestuerwen den 19. Abrëll 1943 an der Stad Lëtzebuerg[2], war Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung.
Am November 1920 gouf de Victor Hippert, dee bis dohinner Forstkandidat am Cantonnement Lëtzebuerg war, Garde général adjoint an deem Cantonnement[3]. Am Januar 1923 gouf hie Garde général vum Cantonnement Miersch[4] an am Juni 1929 Garde général vum Cantonnement Lëtzebuerg.[5] Am Abrëll 1933 ass den Hippert Forstinspekter genannt ginn.[6]
De 26. Mäerz 1937 gouf den Hippert Direkter vun der Forstverwaltung.[1]
Säin Nofollger war den Nicolas Obertin, deen den 28. Oktober 1946 Direkter gouf. Do virdru war d'Forstverwaltung eng Zäit laang vum Guillaume Rischard als Direkter ff. geleet ginn.[7]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Wolter, F., 2015. Aperçu de l'évolution historique de l'Administration depuis sa création en 1840. In: Administration de la nature et des forêts, 1840 - 2015: 175 Joer am Déngscht vu Mënsch an Natur. Luxembourg, Administration de la nature et des forêts, S. 141-189.
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Wolter 2015, S. 181.
- ↑ Escher Tageblatt 1943-04-20, Nr. 93, S. 8 (Doudesannonce) Archivéiert den 22.09.2021. Gekuckt de 15.11.2015.
- ↑ Mémorial 1920, N° 92, S. 1420 (arrêté grand-ducal du 15 novembre 1920).
- ↑ Mémorial 1926, N° 4, S. 32 (arrêté grand-ducal du 26 janvier 1923)
- ↑ Mémorial 1929, N° 38, S. 676 (arrêté grand-ducal en date du 18 juillet 1929).
- ↑ Mémorial 1933, N° 19, S. 267 (arrêté grand-ducal en date du 20 avril 1933).
- ↑ Cf. Luxemburger Wort 1946-01-17, S. 2, Nr. 17 (Fauna) Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt de 16.11.2015.
